
Den Ament misste keng krank Kanner op aner Statiounen transferéiert ginn, dat äntwert d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert op eng urgent parlamentaresch Fro vum Piratendeputéierten Sven Clement.
Eenzelbettzëmmer wieren an Zweebettzëmmer ëmfunktionéiert ginn an d’Dagesklinik deels temporär als Poliklinik ëmdisponéiert ginn, fir esou méi Kapazitéiten ze schafen. Donieft wier d’Zesummenaarbecht tëscht de verschiddene Spideeler verstäerkt ginn. D’Spideeler géifen Dag fir Dag d’Situatioun vun de Better mateneen diskutéieren.
Wann ee Spidol da kee Bett méi fräi huet, géifen d’Kanner an eng aner Klinik hei am Land transferéiert ginn, wat nach Kapazitéiten huet. Der Gesondheetsministesch no wier doriwwer eraus e Plang ausgeschafft ginn, fir weider Mesuren an der Kannerklinik kënnen z’ergräifen, sollten déi ablécklech Moyenen net duer goen. Wéi eng dat sinn, dorobber geet d’Paulette Lenert net an.
Invité vun der Redaktioun - Serge Allard: Bronchiolite-Lag stabel, mee am Beschten eng “Bulle ronderëm de Bëbee” schafen
RTL-NEWS: Zuel vun Infektioune klëmmt manner séier, ma et sinn der ëmmer nach vill