Exit CSVBetzder Conseiller Christopher Lilyblad seet der Partei Äddi

Roy Grotz
A sengem Demissiounsschreiwes seet hie sech enttäuscht iwwer de Grond, deen d'Partei him genannt hat, fir en net mat op d'Europalëscht ze huelen.

Et kënnt sécher wuel all gutt Woch vir, datt Leit aus enger Partei aus- oder enger Partei bäitrieden, mä am Fall vun der CSV sinn d'Aen natierlech absënns elo op esou Evenementer geriicht.

A wann dann en CSV-Conseiller d'Handduch gehäit an aus der Partei austrëtt, sou ass dat sécher e staarkt Signal - en Zeechen un d'Spëtzt ...

CSV-Exit vum Chr. Lilyblad: Rep. Roy Grotz

..eng Spëtzt, déi jo lo vum Frank Engel an der Successioun vum Marc Spautz iwwerholl gouf - an déi duerch den enke Vott Wilmes/Engel natierlech polariséiert.

Wa lo rieds geet, datt et vill Austrëtter ginn hätt, sou ass dat bei enger Partei mat e puer dausend Memberen natierlech ze relativéieren, mä dee vum Betzder Conseiller Christopher Lilyblad ass dann awer derwäert, en e wéineg méi genee z'analyséieren.

De Bréif vum Christopher Lilyblad un de President Frank Engel, datéiert op dëse Samschdeg, kuriéiserweis den Dag vum CSV-Europakongress, läit RTL vir.

PDF: Schreiwes vum Christopher Lilyblad.

Back to Top
CIM LOGO