WäiswampechBiergerinitiativ wiert sech géint Bauprojet um Wämper Séi

Christophe Hochard
Zanter Oktober huet sech d'Bild ronderëm de Wämper Séi scho geännert. Fir d'éischt goufen d'Hecken an d'Beem ewechgeholl.
Biergerinitiativ wiert sech géint Bauprojet um Wämper Séi
Zanter Oktober huet sech d'Bild ronderëm de Wämper Séi scho geännert. Fir d'éischt goufen d'Hecken an d'Beem ewechgeholl.

Do, wou elo ausgegruewe gëtt, wäert bis 2023 en Hotel-Komplex entstoen. Spéitstens an engem Joer soll de Réibau stoen.

De Camping, deen et op dëser Plaz ëmmer gouf, hätt sech net méi rentéiert, dohier d'Iddi vun dësem Projet.

D'Leit vun der Biergerinitiativ si par Konter net frou. Si hunn eng Plainte um Verwaltungsgeriicht agereecht. Et geet ëm d'Decisioun vum Ëmweltministère. Dësen huet de Bau vum Hotel-Komplex accordéiert gehat. Dëse Schratt vun der Biergerinitiativ iwwerrascht de Buergermeeschter net.

En Hotel, iwwer 80 Vakanzenhaiser an ënnert anerem eng Spillplaz entstinn hei um Site. Der Biergerinitiativ no hätt nach net dierften ugefaange gi mat bauen.

Biergerinitiativ Wäiswampech reagéiert: Recours géint Lamy-Projet agereecht

Back to Top
CIM LOGO