
“De Béierkonsum weltwäit geet schonn zanter Joerzéngten zréck”, erkläert de Mathias Lentz, Direkter vun der Brasserie Nationale. Lëtzebuerg géing do an de leschte Joer awer stabel bleiwen. “Lëtzebuerg ass e Béierland”, sou d’Erklärung. De Réckgang vum Verkaf vun de lokale Marke géing sech vill dorausser erklären, dass 42 Prozent vum konsuméierte Béier hei am Land importéiert gëtt.
Zu Lëtzebuerg ginn et nach eelef Brauereien, déi hei brauen an och verkafen. D’Brasserie Nationale, mat de Marke Bofferding, Battin a Funk Bricher ass déi Gréisst mat 26 Prozent vum Marché. Zanter 2019 ass d’Gamme awer och mat ëm Waasser vun der Mark Lodyss erweidert ginn.
Zejoert war fir d’Brasserie zu Käerjeng e gutt Joer. Eng 155.000 Hektoliter Béier goufe produzéiert, an eng 55.000 Hektoliter Waasser. Antëscht mécht Lodyss esouguer eng 20 Prozent vum Ëmsaz vun der Brasserie Nationale aus. Domat kënnt ee bei der Béierproduktioun nees un den Niveau vu viru Covid zréck. 2020 an 2021 ware jo vu Fermeture vun de Caféen a Bistroe markéiert.
D’Käschte sinn an de leschte Méint dann och fir d’Produktioun vum Béier an d’Luucht gaangen an och bei den Ingredienten, wéi de Hopp an dem Malz, sinn d’Präisser an geklommen. Well ee méiglecht wéineg wéilt un de Konsument weiderginn, gouf de Produktiounsprozess optimiséiert. “1980 huet een nach 12 Liter Waasser gebraucht, fir 1 Liter Béier ze produzéieren, haut brauch een dofir nach 2,5 Liter”, seet de Mathias Lentz.
“Et spiert een d’Kris ëmmer nach, mä 2022 war e gudde Summer, mat villen Eventer”, seet d’Isabelle Lentz, Directrice Commerciale beim Distributeur Munhowen. En général wier 2022 awer och fir Munhowen e gutt Joer gewiescht. Ënner anerem awer och, well ee mat drinx.lu en online Commerce lancéiert huet an och d’Ekippe an der Groussregioun renforcéiert huet. Munhowen beliwwert 47 Depositairen an 2.500 Entreprisen aus dem Horeca Secteur.