Nieft dem Bilan vun dësem Joer goufen awer och d'Neierunge fir 2020 virgestallt. De Bilan fir 2019 ass duerchaus positiv ausgefall, virun allem, wat d'Zuel vun neie Memberen ugeet. Dëst huet dann och Auswierkungen op d'Joer 2020.
Duerch d'Cotisatioune vun de Membere konnte fir nächst Joer eng ganz Rei nei Prestatioune geschaaft ginn. Dës betreffen esouwuel de „Régime commun", wéi och déi zwee aner Regimme „Presta Plus" oder „Denta & Optiplus".
Donieft ass och de Plang fir d'Digitaliséierung vun der CMCM presentéiert ginn, déi am Laf vun deenen nächsten 2 Joer soll ëmgesat ginn. Méi Informatiounen an Detailer fannt Dir hei am Videoreportage.
RTL NEWS: Prestatioune bei der CMCM gi bis 2021 nei gestaffelt