Dës Entscheedung hätt ee getraff, wéi e Kontrakt mam Burkina Faso hätt sollen ënnerschreiwe ginn. Am Januar 2022 gouf et am afrikanesche Staat e Coup d’Etat.
De Xavier Bettel: “Mir sinn ëmmer solidaresch, wa Partner do sinn, mee awer och just, wann ee mat deenen och schwätze kann. Ech schwätze net mat enger Mauer, wou ech mol keng Fënster kann opmaachen. Mir ënnerstëtzen net eng Regierung mat Putschisten.”
Projete mat ONGen sinn dovunner net betraff.
Dës Decisioun gëllt och just fir déi aktuell Situatioun. Sollt sech do eppes änneren a stabiliséieren, da kéinte bilateral Projete rëm verlängert ginn.
Xavier Bettel: “Ech wëll och net, dass eis Kooperatiouns-Leit op der Plaz musse mat 6 Sécherheetsmänner ronderëmlafen an all Dag hiert Liewe fäerte mussen”.
Aus de Länner Burkina Faso a Mali huet d’Lëtzebuerger Kooperatioun sech also wéinst multipelle Coups d’etate gréisstendeels zeréckgezunn.
D’Payementer un den nigresche Staat goufe scho kuerz nom Militärputsch am Summer zejoert agestallt. Tëscht 2022 an 2026 sollten 144 Milliounen Euro an den Niger fléissen. Zanter Joren hat de Grand-Duché ënnert anerem an de Beräicher Educatioun, Waasserversuergung, Agrikultur a Santé gehollef.
Déi 26 Millioune Mënschen am afrikanesche Land liewen ënner schlechte Konditiounen. Ongeféier all zweete Mënsch lieft ënnert der Aarmutsgrenz, vill Leit hu keng Chance op Bildung a fir vill Kanner bedeit dat, datt se musse schaffe goen.
Den Niger ass jo och schonn zanter 1989 eent vun den offizielle Kooperatiounslänner vu Lëtzebuerg. D’Land an der Sahel-Zon besteet zu zwee Drëttel aus Wüüst an huet déi lescht Joren iwwer vill mat dschihadistescher Gewalt ze kämpfen. Zanter der Onofhängegkeet vu Frankräich am Joer 1960 ass et schonn de véierte Putsch an et gouf sëllege Versich, d’Muecht z’iwwerhuelen.