An eisem Podcast 1komma5grad geet et dës Woch iwwert d’ Aartevillfalt an iwwert d’Fro, wat gemaach gëtt, fir dëser Entwécklung entgéintzewierken. Déi biologesch Diversitéit ass déi existenziell Grondlag vun eisem Liewen.
Zu Lëtzebuerg si 70 Prozent vun eise Liewensraim an engem schlechten oder ganz schlechten Zoustand, esou de Constat vun den zwee Invitéen, d'Gaardebauingenieurin Doris Bauer an de Marc Thiel, Agraringenieur beim Ëmweltsyndikat SIAS.