MeteoBiowënzer net onzefridde mam Wieder an de leschte Méint

Monique Kater
Den 13. Juli huet d'Margréit Namensdag, déi Helleg steet fir d'Wieder vum Rescht vum Mount mat nach 2 Wochen am August mat dobäi.
Meteo am Juli
Reen wéi am Wanter, ma fir d'Biowënzer ass d'Meteo net verkéiert.

Et reent an dat wäert wuel nach bis en Donneschde mat virugoen. Auslännesch Meteodéngschter schwätze vun 100 Liter op de Quadratmeter. Fir Lëtzebuerg stinn d'Warnzeechen elo awer eréischt op giel, eis Meteorologe warnen also virun enger eventueller Gefor. Sinn esou Reeschaueren am Juli normal? A wat bedeit dëst naasst Wieder fir d'Erträg aus der Landwirtschaft?

De Luca Mathias schafft zënter bal 3 Joer bei MeteoLux, ass also studéierte Meteorolog, an als deen net groussaarteg schockéiert iwwer déi Liter, déi elo wäerte vum Himmel falen, quitt dass een esou Schaueren iwwer e puer Deeg hannereneen, éischter aus de Wanter Méint kennt. De ganzen Dënschdeg iwwer rechent ee mat 10 bis 15 Liter pro Quadratmeter, dëst ass awer net immens aussergewéinlech. Bis an den Donneschdeg era kënnen awer nach gréisser Reequantitéiten dobäikommen. Doropshi muss een awer e bëssen oppassen.

Bei de Biowënzer gesinn d'Riewe gutt aus, d'Mini-Drauwen och. Fir de Wäin wier d'Wieder bis elo net esou verkéiert gewiescht, weder Frascht, nach ze vill Waasser. An donieft léisst ee wuessen, wat wiisst. Mir hate Chance hei, soen déi zwee Wënzer. Elsass an Däitschland hu méi Krempes den Ament.

TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.
METEO: Wéi ass d'Wieder, wéi gëtt d'Wieder?
METEO: Wieder-Warnunge fir Lëtzebuerg.
RTL-News: Reen an Héichwaasserrisiko: Et ass mat deels kräftege Schaueren ze rechnen

Back to Top
CIM LOGO