Situatioun aus der Nuecht a vum Donneschdeg de Moien

Um Hallefnuecht koum d'Cellule de Crise zesumme mat Vertrieder aus Staats-, Defense-, Innen- an Educatiounsministère presidéiert vum Taina Bofferding.
Hei ass iwwer d'Situatioun gekuckt ginn.
Um 2 Auer gouf festgehalen, datt d'Populatioun nach soll oppassen, obschonn Metelux mellt, datt manner Reen an den nächste Stonne fält.
Um Donneschdeg de Moie si verschidde Peegele schonn erofgaangen, anerer sinn awer nach weider am Klammen. All Infoen op inondations.lu.
D'Leit solle sech net a Gefor bréngen a mam Auto hire Fuerstil upassen.
D'Eltere solle sech um lokalen Niveau informéieren, ob d'Schoulen oder aner Strukturen op sinn. Verschidde Gemengen hunn eis dëst awer scho matgedeelt.
Vun den CFL heescht et dann um Donneschdeg de Moien, datt verschidde Linnen ausfalen. Esou fuere keng Zich tëscht Dikrech - Ettelbréck, Wolz - Kautebach an Diddenuewen - Stad.
Dës Krisenzell bleift aktiv an informéiert weider.
GANZ VILL FOTOEN A VIDEOEN : Héichwaasser an Iwwerschwemmungen uechter d'Land
Zäitweis Stroumpanne ginn dann och gemellt an der Stad zu Märel oder am Gronn zum Beispill.