Bezuelbare Wunnraum gëtt op alle Fall dréngend gebraucht. Eng Partie Projete sinn och an der Maach, allerdéngs dauert et dacks bis 15 Joer, ier e komplette Quartier fäerdeg ass. Dat gëllt och fir de Projet "Wunne mat der Wooltz". De Fonds du Logement ass hei zesumme mat der Stad Wolz Bauhär. Op 5 Hektar entsti bis 2038 Wunnenge fir eng 2.000 Awunner.
3 Kranen an eng ganz Partie Aarbechter sinn zanter Enn vum leschte Joer ganz aktiv um Schantjen. Fir d'Rentrée 2023 soll dee neie Schoul- a Sportkomplex fäerdeg sinn. 320 Kanner drécken dann hei d'Schoulbänk. Campus "Géitzt" nennt sech de Site. Hei si fréier d'Fussballspiller dem Ball nogerannt.
Bis den Hierscht wëll ee mam Réibau fäerdeg sinn. An dësem Gebai gëtt spéider net nëmme geleiert. Nieft enger Maison Relais entsteet hei och d'Museksschoul an eng Sportshal. An der Kiche solle pro Dag eng 1.000 Moolzechte preparéiert ginn.
58 Milliounen Euro kascht dësen neie Komplex. Op der fréierer Industriefrichen entstinn abordabel Wunnengen. Et gëtt eng Mixitéit aus Eefamilljenhaiser a Residenzen. 850 bis 900 Logementer si geplangt. 70 Prozent soll an d'Lokatioun goen, de Rescht an d'Vente.
Et soll en CO2-neutrale Quartier gi mat vill Gréngs a wéineg Autostrafic.