Vum Freideg un Tunnelle Grouft a Stafelter: Bis op Weideres eng Spuer zou an et gëllt Tempo 70

RTL Lëtzebuerg
A béiden Nordstrosstunnelle gëtt et a béide Richtunge Problemer mat der Ventilatioun.
© RTL

D’Automobilisten, déi d’A7 notzen, wäerten op en Neits net frou sinn. Am Tunnel Grouft gëtt et Problemer mat der Ventilatioun. Bis op Weideres ass do dran a béid Richtungen eng Spuer zou an et gëllt Tempo 70. Am Tunnel Stafelter goufen déi selwecht Ventilatore verbaut wéi am Tunnel Grouft. Dofir gëllen d’Mesuren a béiden Tunnellen, dat deele Ponts et Chaussées mat.

Et wier ee sech dem Impakt op den Trafic bewosst, ma d’Sécherheet géif awer virgoen, seet den Direkter Roland Fox am RTL-Interview, a gëtt Prezisiounen zum Problem.

“Op dem Tunnel vun der Nordstrooss, Grouft a Stafelter, hu mer eng Anomalie entdeckt, an zwar hunn eis Ventilatoren am Gebléis ee Problem, dee mécht, datt d’Ventilatioun ni méi voll asazfäeg ass, am Fall vun engem Brand. An der Maintenance ass do ee Verdacht opkomm a mer hate gëschter Owend, an haut den Owend och nach, ass och nach eng Inspektioun op der Plaz gewiescht. A mer hu mëttlerweil eng Gewëssheet, datt dat och esou ass, also kënne mer den Tunnel net méi ënner normale Konditioune bedreiwen.”

Bei enger Inspektioun gouf bei de Propellere vun de Ventilatoren also eng anormal Ofnotzung constatéiert. D’Preventiouns-Mesure trëtt e Freideg a Kraaft an et gëtt net präziséiert, wéi laang et wäert dauere bis d’Ventilatore gefléckt sinn.

2015 war et schonn emol eng änlech Situatioun. Deemools hat et méi wéi 3 Méint gedauert, bis de Problem behuewe war. Virun 10 Joer hat et an engem RTL-Artikel vun de Ponts et Chaussées geheescht, datt déi “nei Apparater op d’mannst 10 Joer géingen halen”.

Back to Top
CIM LOGO