
Dat um Enn vum Prozess géint 7 Männer wéinst am Ganzen 88 Abréch tëscht Ufank 2014 an Enn 2017 queesch duerch d'Land.
Vun den Abréch waren Hoteller, Restauranten, Caféen, Butteker, Firmaen a Privathaiser viséiert: ënnert dem Stréch hat d'Police e finanzielle Schued vu bal 170.000 Euro ausgemaach. An den Ae vun der Vertriederin vum Parquet wär d'Association de malfaiteurs géint 5 Ugekloten zréckzebehalen a wäre 6 vun hinnen als Co-Auteur vun den Abréch ze betruechten.
64 vun den 88 Abréch tëscht Mäerz 2014 an November 2017 ware gegléckt, huet d'Vertriederin vum Parquet um Ufank vun hirem Requisitoire betount. Woubäi den Haaptbeschëllegten de groussen Ofwiesenden am Prozess gewiescht wär: dee Mann hat op Grond vun engem Dokteschcertificat gefeelt.
Ganz prezis huet d'Vertriederin vum Parquet opgelëscht, wie bei wéi vill Abréch - gegléckten a versichten - dobäi war, woubäi si fir 3 Faiten e Fräisproch gefrot huet. Ee weidere goung iwwerdeems op de Kont vum 7. Beschëllegten, dee säi Prozess separat gemaach kritt. Et bléifen deemno nach 84 Abréch iwwreg, woubäi den Haaptmann bei 79 Stéck dobäi gewiescht wär. An der Hitparad, wann ee sou wëll, goung et dono viru mat op d'mannst 59, 36, 18 an 10 Participatiounen, respektiv just engem Fait, dem Abroch am Mäerz 2014 an en Hotel op der Stater Gare, woufir géint dee Mann de Virworf vun der Association de malfaiteurs dann och net zréckzebehale wär. 4 vun de 6 Männer haten iwwregens just tëscht 4 an 20 Bedeelegungen un Abréch zouginn.
De Grupp vu 5 Leit hätt sech zum Deel ganz laang kannt an d'Virgoensweis bei den Abréch wär ëmmer déiselwecht gewiescht, ma et wär net kloer, ob et eng Hierarchie gouf. Fir d'Vertriederin vum Parquet wären déi 84 oder 88 Faiten och nëmmen d'Spëtzt vum Äisbierg, dat heescht de strikte Minimum. Zu deene 5 Männer sot si, dass déi fir en enorme Schued gesuergt hätten, vill Antécédenten an dat incontestabelt bestridden hätten, respektiv chevronnéiert Krimineller wären. Nieft de gefuerderte Prisongsstrofe sollten och nach ënnert anerem 3 Autoen a Sue confisquéiert ginn.
D'Uerteel gëtt den 12. Juli gesprach.