Dubiéis DoktrinnenBistum kënnegt Zesummenaarbecht mat der Fraternitéit Verbum Spei

Annick Goerens
Den Äerzbistum huet leschte Freideg via Communiqué, matgedeelt, dass si d’Zesummenaarbecht mat der Fraternitéit Verbum Spei mat Effet immédiat kënnegen.
© Morgan Doux

Ursaach wier e Vertrauensbroch an eng geféierlech philosophesch Doktrinn.

Bistum Verbum Spei / Reportage: Annick Goerens

Zanter 2016 ass d’"Fraternité Verbum Spei” [Laténgesch fir: d’Wuert vun der Hoffnung, ndlr.] am Grand-Duché aktiv. Si goufen 2012 a Mexiko gegrënnt vu fréiere Membere vun der Communautéit “Frères de Saint-Jean”. An do läit d’Kromm an der Heck. De Grënner vun de Frères de Saint-Jean ass de Père Marie-Dominique Philippe mat senger dubiéiser philosophescher Doktrinn vun “l’amour d’amitié”, der Frëndschaftsléift. D’Gefor fir e spirituellen Abus wier do gewiescht, erkläert de Gérard Kieffer, Porte-Parole vum Bistum.

“Et geet ëm Frëndschaft. Et geet ëm Léift. Alles positiv besate Saachen. Allerdéngs ass et am Kontext vun der Congrégation vun de Saint-Jean, also vum Grënner, wéi den dat konzipéiert huet, vun der Philosophie hir, éischter schwiereg. D’Gefor ass do, dass et kann als Erklärung geholl ginn, firwat et Relatioune ka ginn, déi och kënne physescher Natur sinn. An da gëtt et einfach doduerch legitiméiert, wann ech dech beréieren, da beréiert dech Gott praktesch.

Wei d’Fraternitéit Verbum Spei – mam explizitten Accord vum Kardinol Hollerech - op Lëtzebuerg komm ass, wier ausgemaach gewiescht, dass si sech misste vun deene Léieren do distanzéieren.

“Et war e Vertrauensbroch, well si sech u Saachen net gehalen hunn, déi mat hinnen ofgemaach waren. Den Detail kann ech Iech do net nennen, den ass tëscht dem Bëschof [Kardinol Hollerech, ndlr.] an hinnen. Mee de Broch war do. Si hunn zum Beispill sech net distanzéiert vun deene Léieren oder vun deene philosopheschen Inhalter vun hirem Grënner. An déi Philosophie ass awer souwuel vum Vatikan, wéi och vu franséischen Diözes, wou si och gewierkt hunn, a Fro gestallt ginn.

Am Juli zejoert huet de Bistum dunn eng Enquête lancéiert. Ursaach war eng Fra, déi sech e Mount virdru beim Bëschof gemellt hat. Si huet als Studentin op der Uni eng Affär mat engem vun de Paschtouere vun der Fraternitéit ugefaangen. Aus der Relatioun sinn och zwee Kanner entstanen.

Et ass net d’Fro vun Abus sexuel gewiescht an dësem Fall. Et war wierklech eng Vertrauenskrise. A si gouf ausgeléist duerch dat Gespréich. An dat war par consentement, wou si déi Kanner kritt huet. Mä dat ass doduerch getriggert ginn. Soubal ee mat Jonken oder mat Kanner a Kierch schwätzt, da kommen esou Gedanken op. Wat verständlech ass, wann een déi lescht 20 Joer kuckt natierlech. Mä an dësem Fall war d’Ursaach net dat.”

D’Fraternitéit mécht virun allem pastoral Aarbecht am Süde vum Land zu Esch.

All Weekend si bei hinnen Massen, wou mëttlerweil ganz vill Leit dohinner komm sinn, well dat ëmmer lieweg ass. Vill Famillje mat klenge Kanner. Dat ass de frankophone Milieu, muss een derbäi soen. Een zweeten Punkt, dee si haten, dat ass op Belval, bei der Uni. Si hunn d’Aumônerie vun de Studenten assuréiert.

D’Diözese huet all Zesummenaarbecht mat der Fraternitéit gekënnegt. D’Massen zu Esch dierfen nach bis Enn vum Summer gehale ginn, dat hätt och rechtlech Ursaache duerch Aarbechtskontrakter. Mä d’Aarbecht mat Studenten an och Soiréeë wéi de “Bistrot des Moines” si vun elo un net méi erlaabt, präziséiert de Porte-Parole vum Bistum Gérard Kieffer.

Aktuell wier de Bistum och derbäi, fir z’iwwerleeën, wéi een de Vakuum kéint fëllen, deen nom Summer zu Esch entsteet. Do wiere schliisslech vill Gleeweger an d’Mass gaangen an déi wéilt een och an Zukunft begleeden, sou heescht et vun der Lëtzebuerger Kierch.

D’Schreiwes am Detail:

Fin de la coopération pastorale
entre l’archidiocèse de Luxembourg et la Fraternité Verbum Spei

En juillet 2024 l’archevêque de Luxembourg, le cardinal Jean-Claude Hollerich, chargea l’official de l’archidiocèse d’une enquête concernant les circonstances et les suites de la relation d’un prêtre ayant fait partie de la Fraternité Verbum Spei avec une dame, majeure au moment des faits, que le cardinal avait reçue en juin 2024.
L’enquête a pris une tournure plus générale après la communication du fait que sur ordre du pape François, le prêtre en question – ayant quitté entretemps la Fraternité Verbum Spei – a été démis de l’état clérical par décision lui notifiée en juin 2024.

Les différences de vue sur les déviances du fondateur des Frères de Saint-Jean, le Père Marie-Dominique Philippe, et la place centrale donnée à son enseignement philosophique ont été à l’origine du départ d’un certain nombre de membres de cette congrégation. La Fraternité Verbum Spei a été fondée en 2012 dans le diocèse mexicain de Saltillo par d’anciens membres de la congrégation des Frères de Saint-Jean. La Fraternité Verbum Spei n’étant pas encore un institut religieux, ses membres-prêtres font partie du clergé de ce diocèse mexicain.

Depuis l’accueil au Luxembourg de la Fraternité Verbum Spei en 2016 les enquêtes menées et les témoignages donnés concernant la vie et certaines doctrines du Père Marie-Dominique Philippe (décédé en 2006), fondateur des Frères de Saint-Jean dans les années 1970 en Suisse, se sont multipliés. L’enquête luxembourgeoise a pu se baser ainsi sur ces enquêtes plus récentes et tout spécialement sur Comprendre et guérir. Origines et analyses des abus dans la Famille Saint-Jean de la Commission interdisciplinaire des Frères de St.-Jean (2023). Ont été entendus des frères de Verbum Spei, des collaboratrices de la fraternité et d’anciens et d’actuels membres de la Communauté Saint-Jean. Un dossier provenant du diocèse de Fribourg-Lausanne-Genève et un autre provenant de la Congrégation des Frères de Saint-Jean ont complété la vue.

Sur la base des nouvelles connaissances acquises quant au danger potentiel de la doctrine philosophique de « l’amour d’amitié » selon le Père Marie-Dominique Philippe et les conséquences néfastes que la mise en pratique de celle-ci peut avoir pour la vie religieuse de personnes consacrées, pouvant mettre en danger aussi des personnes extérieures à la fraternité ;

Constatant un attachement toujours actuel des responsables de la Fraternité Verbum Spei à la personne et aux enseignements du Père Marie-Dominique Philippe malgré les jugements négatifs des autorités diocésaines françaises en lien avec la Congrégation des Frères de Saint-Jean, du Saint-Siège lui-même ainsi que des autorités religieuses au niveau de la Congrégation des Frères de Saint-Jean ;

L’archevêque de Luxembourg a pris les décisions suivantes :
Il est mis un terme à la collaboration pastorale entre l’archidiocèse et la Fraternité Verbum Spei avec effet immédiat. Jusqu’au départ définitif de la communauté (au plus tard en été 2025) la communauté est autorisée à célébrer la liturgie en la chapelle du Foyer Saint Jean-Paul II à Belval et en l’église Saint-Henri à Esch/Alzette.
Un prêtre de la Fraternité Verbum Spei est déchargé avec effet immédiat de sa fonction d’exorciste et privé de la faculté d’entendre les confessions sur le territoire de l’archidiocèse.

Nous tenons à préciser qu’aucun membre de la Fraternité Verbum Spei n’a été accusé d’avoir commis un abus sexuel pendant leur présence au Luxembourg.

Luxembourg, le 31 janvier 2025

Back to Top
CIM LOGO