
2017 war e Schock fir d‘Escher LSAP. No 37 Joer hu si hir Héichbuerg verluer. D‘Sozialisten hu mussen e Minus vun 10,6 Prozentpunkten astiechen an hunn 3 Sëtz an domadder d‘Majoritéit verluer. D‘CSV ronderëm de Georges Mischo hunn anerersäits vun enger historescher Victoire geschwat mat engem Plus vun 11,6 Prozentpunkten par Rapport zu 2011 an hunn 6 Sëtzer gewonne. Buergermeeschter gouf dunn de Georges Mischo an enger Koalitioun mat de Gréngen an der DP. Hie wëll um Rudder bleiwen. Den LSAP-Spëtzekandidat Steve Faltz wëll d‘Zigelen iwwerhuelen. Wie versprécht wat? De Georges Mischo wëll d‘Sécherheetsgefill vun de Leit stäerken. D’Gemeng huet ee kommunalen Sécherheetsplang mat 49 Punkte proposéiert. Virop wëll ee méi Kameraiwwerwaachung op ëffentleche Plazen. Donieft sollen d‘Escher Veräiner, déi wichteg sinn fir den Zesummenhalt vun der Gesellschaft gestäerkt ginn. D‘CSV wëll e Gemengeplang fir d‘Jugend op d‘Bee stellen an och Aktivitéiten an Déngschter fir eeler Leit sollen ausgebaut ginn. Donieft bräicht et e Plang fir méi multimodal Mobilitéit. D’Uelzecht-Strooss soll nei belieft ginn. Et ginn 135 Lokaler, dovunner sinn der 115 besat, 20 stinn eidel, 5 sinn a Renovatioun an 2 an der Vente. D’CSV hätt de Stadzentrum revaloriséiert.
D‘LSAP kritiséiert de Manktem u Kommunikatioun vun der aktueller Majoritéit a berifft sech op déi sëllegen Schantercher, iwwer déi weder mat Zäit, nach richteg kommunizéiert gi wier. Resultat: Stau. Ënnert de Sozialiste sollen d‘Bierger besser mat agebonne ginn. Donieft wëll d‘LSAP d‘Gemengewunnenge vun aktuell 350 op 1500 erhéijen an donieft all d‘Gemengewunnengen bis 2025 renovéieren an da verlounen. Punkto Mobilitéit dierft een net een Transportmëttel géint een anert ausspillen. Dofir misst souwuel en neit Parkhaus gebaut ginn, wéi och e Konzept fir aktiv Mobilitéit ausgeschafft ginn. Schockéiert ass d‘LSAP, dass den CSV-Buergermeeschter just 7 Milliounen virgesinn huet, fir an den nächste Joren d‘Schoulen ze renovéiere. An d’LSAP geheit dem Schäfferot vir, dass d’Uelzechtstrooss, déi lo ganz soll frësch gemaach ginn, scho virum Kulturjoer hätt kënnen erneiert ginn.
Aktuell regéiert zu Esch eng Koalitioun CSV-DP-déi Gréng. De Georges Mischo kéint sech virstellen, esou virunzefueren a schléisst just eng Koalitioun mat der ADR aus. Fir d’LSAP war et ee Hin- an Hier, mee et ass een elo dobäi verbliwwen, dass en näischt wéilt ausschléissen, och net eng Koalitioun mat der CSV.
Déi Gréng haten 2017 1 Prozentpunkt bäigeluecht a koumen mat 13,5 op 3 Sëtz.
DP hat 2017 1,6 Prozentpunkten bäigeluecht a koum mat 9,1 Prozent op 2 Sëtz.
Déi Lénk haten 2017 1,3 Prozentpunkten verluer a konnte mat 9,5 Prozent trotzdeem hir 2 Sëtz verdeedegen.
Donieft ginn et zu Esch nach Lëschte vun der ADR, de Piraten an der KPL.
Et bleift spannend.