3 Accidenter zanter e FreidegowendBlesséierte bei Accident tëscht Nidderpallen a Räichel

RTL Lëtzebuerg
Géint 1.10 Auer e Samschdeg de Moie fréi war hei een Auto accidentéiert. Eng Persoun gouf blesséiert.
© Laurent Weber / RTL

De CGDIS mellt e Samschdeg de Moien zwee Accidenter. Tëschent Sir an dem Hareler Potto ass géint 6.30 Auer e Bus an de Gruef gaangen. Eng Persoun gouf verwonnt. Dann huet et géint 7 Auer zu Duelem gerabbelt, op der Kräizung fir op Siren. Een Auto war am Coup an eng Persoun gouf blesséiert.

Da gouf et nach e Brand zu Esch. An der Rue Léon Jouhaux hat en elektrescht Gerät Feier gefaangen.

E Freideg den Owend hat et scho géint 19 Auer op der Gare an engem Haus gebrannt, hei ass kengem eppes geschitt.

Back to Top
CIM LOGO