
Et sinn elo aner Mesuren enplace, fir d’Empfänger vum Blutt virun enger HIV Infektioun ze schützen. Ma wéi ass d’Bluttspende fir homosexuell Männer hei am Land gereegelt? Mir hu beim Michel Simonis, Direkter vun der Croix Rouge, nogefrot. Hien definéiert mol als éischt, ëm wien et genee geet:
“Et geet ëm sougenannten MSM, also Männer, déi sexuell Relatioune mat Männer hunn. Dat musse jo net onbedéngt Homosexueller sinn. An et geet och net ëm homosexuell Fraen. Et geet u sech ëm Geschlechtsverkéier tëschent Männer, wat am Beräich vun der Bluttspend e ‘Comportement à risque’ ass.”
Wat ass genee de Risk, a wouhier weess een, dass dee bei Männer, déi Sex mat Männer hunn, méi grouss ass?
“D’Hepatite ass e geféierleche Sujet, déi natierlech och iwwer sexuelle Weeër iwwerdroe gëtt, an déi leider och zu Lëtzebuerg grasséiert. Mee wou mir statistesch Donnéeën hunn, dat ass mat der HIV. De leschte Rapport vum Ministère de la Santé ass vun 2001, dee seet, dass mir zu Lëtzebuerg ongeféier genee sou vill nei Infektiounen hu vun der Populatioun, déi do am Rapport steet als heterosexuell, wéi Rapporte vun MSM. Et ass also déi nämmlecht Unzuel, absolut. Well d’Basispopulatioun awer vill méi kleng ass, kann een also statistesch draus erausliesen, dass also de Risk vill méi héich ass.”
Fréier war een, wann een als Mann sexuell Liaisoune mat Männer hat, op Liewenszäit vun der Bluttspend ausgeschloss. Antëschent ass dat anescht. Plasma kann een direkt spenden, Blutt no engem Joer.
“Well et an der Plasmaspend méiglech ass, de Plasma anzefréieren. An da kënne mir, dräi/véier Méint duerno, wann de Spender erëmkënnt, nei Analyse bei senger nächster Spend maachen. Da liberéiere mir den agefruerene Plasma vun der Kéier virdrun. Domat kënne mir de Risk evitéieren, datt verschidde viral Erkrankungen eventuell an enger kuerzer Zäit no der Infektioun net detektabel sinn am Blutt duerch d‘Analysen, déi mir maachen. A fir dee Risk auszeschléissen, hu mir dofir eben déi Léisung ageféiert, wou mir ëmmer eng Kéier iwwer déi aner kënnen déi Spend vun der Kéier virdru liberéieren, wat de Blutt-Produit da méi sécher mécht.”
Blutt huet nämlech am Géigesaz zum Plasma den Nodeel, dass déi rout Bluttkierpercher sech nëmme ganz kuerz Zäit halen. An et kann een déi och net afréieren.
“Mir hunn e Questionnaire. Deen ass an der Chaîne, fir d‘Blutt ze securiséieren. Ee Filter. Hannendru gëtt d‘Blutt gebotzt: do gëtt et eng Rei Prozeduren, fir d’Blutt ze traitéieren an et ginn natierlech Analyse gemaach vum Blutt. Do hänkt ee Filter hannert deem aneren, fir ze kucken, dass et méiglechst wéineg Risk gëtt, dass awer eng Krankheet kéint an engem Blutt-Produit dra sinn.”
An deem Questionnaire, deen deejéinegen, dee Blutt wëll spenden, muss ausfëllen, steet dann, ënner anerem d’Fro: “Ces 12 derniers mois avez-vous eu des relations sexuelles avec un autre homme (même une seule fois)?”
Elo kann ee sech d’Fro stellen: Wat ass dann elo, wann een do einfach géing eng falsch Angab maachen?
“Fir d’Croix-Rouge war et ëmmer och ganz wichteg, dass d’Bluttspend zu Lëtzebuerg eigentlech guer kee Gain materiell gëtt, dass et wierklech e réng benevollen Akt ass. Fir ebe grad ze evitéieren datt d’Leit en Interêt hunn hei ze léien. An Däitschland zum Beispill kritt ee fir eng Plasmaspend Suen. Zu Lëtzebuerg hu mir ëmmer insistéiert, datt d’Bluttspend benevolle bleift.”
Sex tëscht Männer ass awer net deen eenzegen “Comportement à risque”. Och de Changement vum Sexualpartner ass en Ausschlosskrittär. An et gëtt e Problem mat den Donnéeën. D’Hallschent vun de Leit, déi sech d’Joer mat HIV infizéieren, si Männer, déi Sex mat Männer hunn. Déi aner Hallschent ass heterosexuell. Méi wësse mir net, wat den Här Simonis bedauert.
“Mir verpasse leider zanter Joren, dass bei deene Leit, déi mir jo kennen, déi sech ugestach hunn – HIV ass eng meldeflichteg Krankheet – méi genau investigéieren a wéi engem Kontext déi Krankheet kontraktéiert ginn ass. War dat mat engem bestoende Partner, war dat mat méi verschidde Partner, wou et vläicht guer net kloer ass, wou een d’Krankheet iwwerhaapt hier huet? Déi doten Donnéeën hu mir net. Fir elo ze soen, dass et eng Fro ass vun Trei, oder ob et aner Krittäre sinn, do hu mir u sech guer keng Informatiounen driwwer, wat mir deploréieren.”
“Eemol d’Analysen um Blutt direkt an eisem Labo. An da gëtt et och déi berüümt PCR-Analysen, déi fir déi dote Krankheeten net ganz esou einfach sinn, an déi mir am Moment mam däitsche Roude Kräiz zesumme maachen. Dat heescht, wa Blutt haut geholl gëtt, gëtt et iwwer Nuecht an Däitschland an engem Laboratoire no der PCR Technologie getest op eng ganz Rei Infektiounen, an den Dag drop kréie mer d‘Resultater vun deenen Analysen. Sou dass also dat Blutt direkt den Dag drop esou gutt getest ass, wéi et ebe ka getest ginn an där Zäit.”
E klenge Risk bleift awer nach, well et kéint sinn dass eng bakteriell oder viral Infektioun am Blutt nach net deen Niveau erreecht huet, dass se an deenen Tester ze detektéieren ass.
“An dofir gëtt et hannendru nach en zweete Prozess gehaangen. Déi Blutt-Produite ginn no gewësse Prozedure bei eis gebotzt. Et gi verschidden Technologien, mat deenen ee verschidde Komponente vum Blutt kann, souzesoen, auswäschen.”
Alles, dat si komplementar Mesuren, déi net zu enger honnertprozenteger Sécherheet féieren. Ma wann eppes géing virkommen, da wier et d’Croix-Rouge selwer, déi responsabel ass.
“Dat ass ganz speziell. An all anere Länner hëlt u sech d’ëffentlech Hand iwwert e “Pool d‘indemnisation”, also praktesch iwwert en ëffentlech Assurance, d’Responsabilitéit fir d’Bluttspend. Zu Lëtzebuerg gëtt et do a sech e Vide juridique. Mir sinn amgaange mam Ministère ze kucken, wéi wäit de Staat déi Responsabilitéit kann huelen. Mee mir sinn immens zögerlech fir déi Krittären zu Lëtzebuerg ze allegéieren. Well wann eng Kéier eppes schif geet bei der Bluttspend, dann ass u sech d‘Rout Kräiz integral responsabel.”