Am Zentrum stoung d’Wal vun enger neier Parteispëtzt. An do krut de Premier Luc Frieden als eenzege Kandidat fir de Poste vum Parteipresident vun den 342 Delegéierte 88,25 Prozent vun de Stëmmen, bei senger leschter Wiel 2024 waren et nach 96,25 Prozent.
Den Alex Donnersbach gouf mat 83 Prozent um Poste vum Generalsekretär confirméiert, d’Françoise Kemp, déi bis elo Co-Generalsekretärin war, huet net méi kandidéiert. An Zukunft wäert den Alex Donnersbach dee Posten dann och eleng bekleeden. D’Françoise Kemp ass iwwerdeems déi nei Presidentin vum Bezierk Süden.
Als Vizepresidente goufen d’Stéphanie Weydert mat 92,7 an de Christian Weis mat 95,4 Prozent confirméiert, d’Martine Hansen gouf vum Luc Frieden proposéiert, fir drëtt Vizepresidentin ze bleiwen, hei war keng klassesch Wal néideg. Generaltresorier bleift den Thierry Schuman.
“Mir si keng Schrumpfpartei, déi hire Kongress an engem klengen Duerfcafé hale kann”, esou de Generaltresorier Thierry Schuman mat Verweis op déi 10.000 CSV-Memberen. Ganz sou vill haten de Wee zwar net op Ettelbréck fonnt, ma mat iwwert 500 Leit war d’Däichhal awer anstänneg gefëllt.
Vun den 342 stëmmberechtegte Delegéierten hunn 88,25 Prozent dem Luc Frieden, deen den eenzege Kandidat fir de Poste vum Parteipresident war, hir Stëmm ginn. Virun zwee Joer waren et nach 96,25 Prozent. A senger Ried virun der Wal hat de Luc Frieden ënnerstrach, datt et an enger Demokratie normal a gutt wier, datt et Kritik un der Regierungspolitik gëtt, mee “Dat heescht net, datt wann eng Decisioun kommentéiert gëtt, wa se kritiséiert gëtt, datt mir onbedéngt vun eisem Wee sollen ofkommen. Eist Zil ass et, déi Prinzippien, un déi mir gleewen, déi breet Vollekspartei vun der politescher Mëtt, déi Wäerter, fir déi mir astinn, eis fir déi anzesetzen. An dann um Wee dohinner natierlech nozelauschteren, wat anerer soen. Well och dat ass de Räichtum vun eisem Land.”
An deene leschten 2,5 Joer hätt d’CSV-DP-Regierung vill geschafft an eng ganz Partie Walverspriechen ëmgesat oder wier amgaangen, dat ze maachen: Als Beispill de Finanzminister Gilles Roth bei der Steierpolitik. “En huet eng Steierreform op de Wee ginn, wou d’CSV drop gehalen huet, datt d’Familljendimensioun besonnesch staark wier. Datt d’Diversitéit vun eise Famillje berécksiichtegt gëtt an datt zugläich séchergestallt gëtt, datt all déi, déi an deem aktuelle Regime wëlle bleiwen, datt déi dat och déi nächst 20, 25, 30 Joer kënne bleiwen.”
Mat Bléck op de Krich am Iran huet de Luc Frieden gemengt, datt d’Lëtzebuerger Regierung extrem besuergt iwwert d’Situatioun am Noen Osten ass a fir Deeskalatioun an Diplomatie plädéiert. Dat iranescht Vollek géing zwar Fräiheet verdéngen, mee et géing schéngen, wéi wann d’USA an Israel kee Plang hätten, wéi se de Krich op een Enn brénge wëllen. Dann huet de Premier nach ënnerstrach, datt, wann d’Energiepräisser weider klamme sollten, d’Regierung Mesuren ergräife wäert, fir d’Leit ze ënnerstëtzen.
Kritik gouf et iwwerdeems un der Decisioun, den Avortement als Fräiheet an d’Constitutioun anzeschreiwen. Déi fréier Deputéiert Marie-Josée Frank huet gemengt, vill Frae, déi ee Kand ofgedriwwen hunn, géingen hiert ganzt Liewe schwéier dorun droen an et géing net bei den “C” am Parteinumm passen. De Fernand Boden an de Guy Modert hunn als Vertrieder vun den CSV-Senioren iwwerdeems bedauert, datt d’Propos, och den Droit à la vie an d’Verfassung anzeschreiwen, net zeréckbehale gouf. D’Nathalie Morgenthaler huet als Spriecherin vun der CSV-Fraktioun zu deem Thema entgéint, datt sech näischt un der rechtlecher Situatioun geännert hätt. D’Verfassung wier do, fir Prinzippie festzeleeën an et wier wichteg, déi ze schützen. Et géing an éischter Linn ëm Respekt goen, esouwuel viru Fraen an enger schwiereger Situatioun wéi och viru Leit mat moraleschen a reliéise Bedenken.