Bis e Sonndeg den Owend ginn op der Diddelenger Autobunn am ganze véier Portiquen opgeriicht. Den éischte gouf an der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg installéiert. 45 Meter laang ass dëse Portique, op deem déi blo Panneaue mat de verschiddene Signalementer dropstinn. 35 Tonne schwéier ass esou eng “Schëlderbréck”, wéi se an Däitschland genannt gëtt. “Dimensioune vun esou engem Portique sinn esou grouss, dass en Transport op Lëtzebuerg an engem Stéck onméiglech ass”, erkläert de Philippe Theisen Ingenieur bei Ponts & Chaussées.
Zwee riseg Krane vun all Kéiers engen 300 Tonnen hu géint 0.30 Auer an der Nuecht den éischte Portique vum Camion gehuewen an op seng definitiv Plaz gesat. Fangerspëtzegefill war bei dësem Manöver gefrot. “Dëst sinn déi éischt Portique vun der néier Generatioun, déi hei zu Lëtzebuerg op enger Autobunn installéiert ginn. Déi aktuell Aluminiumsportique sinn un hir Grenze komm”, erkläert de Philippe Theisen weider.
D’Aarbechte vum Echangeur Léiweng hunn ugefaangen. “Vu Beetebuerg a Richtung Léiweng sollen d’Aarbechten am Hierscht ufänken. D’Autobunn soll dann op där Säit méi breet gemaach ginn a wou provisoresch Brécken en place gesat wäerte ginn. Déi aktuell Brécken, wou d’Uelzecht zum Beispill drënner leeft, musse méi breet gemaach ginn a musse komplett ersat ginn”, esou d’Erklärunge vum Roland Fox, Direkter vu “Ponts & Chaussées”.
Bis e Méindeg de Moie soll d’Diddelenger Autobunn fir den Trafic gespaart bléiwen. D’Deviatioune ginn iwwer d’Escher an d’Areler Autobunn respektiv d’Collectrice du Sud.
Am Joer 2030 soll den Ausbau vun der 13 Kilometer laanger A3 vun zwou op dräi Spuere komplett fäerdeg sinn.