An der BuergKurdesch Communautéit feiert Neijoerschfest Nouruz

Claude Zeimetz
Ronn 600 Leit hunn an engem Chalet an der Géigend vu Buerglënster eng al Traditioun gefeiert, déi net just am persesche Raum, mee och vu villen anere Kulturen zelebréiert gëtt.
D'Fest war vu ville Leit besicht
D’Fest war vu ville Leit besicht
© DOMINGOS OLIVEIRA

Verschidde Leit aus der Géigend haten d’Police alertéiert, well se vill Autoen an eng grouss Unzuel vu Leit an Uecht geholl haten tëscht der Buerg a Gonnereng. Effektiv hunn, der Police no, eng 600 Leit vun der kurdescher Communautéit an engem Chalet an der Géigend vu Buerglënster Nouruz gefeiert. E Fest, dat net nëmmen am persesche Kulturraum, mee och a villen anere Kulturen, zum Beispill bei de Kurde fir Liberatioun an Neiufank steet, eng grouss a laang Traditioun huet.

De Chalet gouf offiziell reservéiert, sot eis op Nofro hin de Lënster Buergermeeschter Ben Ries. Hie wier géint Mëtteg vun der Police ugeruff ginn an hätt sech selwer mam Organisateur a Verbindung gesat. Iergendeng Tëschefäll goufe keng gemellt. Autoen, déi an der Strooss gehënnert hunn, goufe vun de Leit geréckelt. D’Police sot eis och, datt se bis zum Schluss vum Event mat enger Patrull reegelméisseg kucke gefuer ass, fir d’Saach am Bléck ze halen.

Back to Top
CIM LOGO