Fréieren MSF-President am InterviewHumanitären Asaz uechter d'Welt gëtt ëmmer méi geféierlech, sou Rony Brauman

Caroline Mart
Zanter iwwer 50 Joer engagéiert sech d'ONG Médecins Sans Frontières fir Mënschen an Nout weltwäit – eng Missioun, déi haut méi wichteg, awer och ëmmer méi geféierlech a komplizéiert ginn ass.

Mënschen an Nout uechter d’Welt ze hëllefen – sief et wéinst Krich, Naturkatastrophen oder Epidemien – dat ass zanter 1971 d’Missioun vun der ONG Médecins Sans Frontières. Haut ass déi Missioun méi néideg wéi jee, awer och méi schwiereg, well den humanitären Asaz net méi iwwerall méiglech ass an och d’Mataarbechter selwer deels Zilscheif a Konflikter a Kricher ginn.

MSF Lëtzebuerg feiert dëst Joer säi 40. Gebuertsdag. Fir deen Anniversaire gëtt et eng grouss interaktiv Ausstellung an der Abtei Neimünster, wou een erkläert kritt, wat d’Aarbecht um Terrain ass. D’Expo ass nach bis den 29. Abrëll am Haff vun der Abtei ze gesinn.

Fir dës Geleeënheet ass och ee vun de Pionéier a fréiere President vun MSF op Lëtzebuerg komm: de Rony Brauman. De Spezialist an Tropemedezin an Epidemiologie huet selwer ongezielten Asätz geleet an ass no 48 Joer nach ëmmer aktiv fir Médecins Sans Frontières ënnerwee.

Am RTL Interview schwätz hien iwwert d’Problemer, humanitär Hëllef an enger Welt ze leeschten, wou dat internationaalt Recht dacks net méi respektéiert gëtt. Riets geet do och iwwer d’Situatioun a Gaza, wou d’ONG den Accès verbuede krut, d’Hannergrënn, awer och, firwat grad dee Konflikt därmoosse polariséiert – an dat wäit iwwert den Noen Osten eraus.

Ass eng ONG zur Neutralitéit verflicht? Politesch jo, seet de Rony Brauman, mee dat bedeit net, dass een net soen däerf, wat ass a Mëssstänn net kloer an däitlech denoncéiere soll. MSF huet do eng aner Philosophie, wéi zum Beispill d’Rout Kräiz.

Anert Theema am Interview sinn d’Konsequenze vu manner ëffentleche Suen an humanitäre Projeten, dat am Hibléck op d’USA ënnert dem President Trump, déi jo vill Gelder gestoppt hunn. Och dat wier eng Katastroph an de betraffene Länner, an och dat géing weisen, dass Europa vill ze ofhängeg vun den USA ass.

De kompletten Interview mam Rony Brauman e Samschdeg den Owend op der Tëlee an dat direkt nom Journal.

Back to Top
CIM LOGO