Op eise StroossenPolicebeamte konnte Frontalkollisioun mat alkoholiséierter Geeschterfuererin a leschter Sekonn evitéieren

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt direkt véier Fäll, an deene si alkoholiséierten Automobilisten de Permis hu missten ofhuelen.
© AFP Archivbild

Den éischte Fall gouf et e Freideg den Owend op der A1, wéi d’Police en Auto gemellt kruten, dee Schlaangelinne gefuer ass. De gemellten Auto wéi och de Chauffer konnten d’Beamten um Cents untreffen. Well den Alkoholtest positiv war, gouf de Permis provisoresch agezunn.

Ëm ongeféier déi selwecht Zäit géint 18.30 Auer e Freideg war en Accident a Clausen. Hei war eng Automobilistin an e Won, deen do ofgestallt war, gerannt an huet dee Won nach géint en drëtt Gefier gedréckt. D’Fra war dono einfach weidergefuer. An der Rue de Neudorf konnt si do gestoppt ginn. Den Auto war opgefall, well dëse vir zimmlech zerstéiert war. D’Automobilistin wollt awer keen Alkoholtest maachen, obwuel et däitlech Unzeeche gouf, datt si ze vill gedronk hat. Dowéinst krut si e provisoresche Fuerverbuet a gouf protokolléiert.

Zeréck op der A1 gouf et da géint 1.10 Auer e weideren Tëschefall. E Chauffer gouf der Police gemellt, dee säin Auto ganz geféierlech iwwer d’Autobunn gesteiert huet. Op der Aire de Wasserbillig du konnten d’Beamten den Auto lokaliséieren. De positiven Alkoholtest huet sengem Fuerverbuet gefouert.

Géint 1.30 Auer dann um Samschdeg de Moie war eng Patrull tëscht Maarnech an Hengescht an eng geféierlech Situatioun geroden. Hei koum hinnen nämlech e Gefier op hirer Spuer entgéint. De Beamten hannert dem Steier konnt mat enger Vollbremsung an dem Eriwwerzéien an de Summerwee eng Frontalkollisioun verhënneren. D’Automobilistin am anere Gefier ass awer einfach weidergefuer, esou datt d’Polizisten d’Poursuitte opgeholl hunn. D’Fra huet laang der Police hir blo Luuchten an d’Opfuerderung, stoenzebleiwen, ignoréiert, éier si dunn awer hiert d’Gefier ofgestallt huet. Wéi ee Beamten dunn zu Fouss bei den Auto gaangen ass, hat si nach eng Kéier ugesat, fir weiderzefueren, ass dunn awer stoe bliwwen. Hiren Alkoholtest war positiv an de Permis war fort.

Back to Top
CIM LOGO