Dës huet jo d’Grondsteier fir d’Betriber Mol 8 an d’Luucht geschrauft an zwar well se soss eegenen Aussoen no wéinst der Reform vun de Gemengefinanzen en Defizit géing maachen. D’Inneministesch sot no Analys vun de Konte vu Leideleng am RTL-Interview, d’Gemeng Leideleng wier net an esou enger finanziell schwiereger Situatioun ewéi duergestallt. Ofgesinn dovunner offréiert den Inneministère och de Gemengen eng Finanz-Berodung, mee d’Gemeng Leideleng hätt sech bis elo nach net gemellt, sou d’Ministesch. An hiren Ae wier et och iwwerhaapt net de richtegen Zäitpunkt, fir d’Grondsteier fir d’Betriber an d’Luucht ze setzen. Et géing aner Optioune ginn.
D’Taina Bofferding huet och d’Reform vun de Gemengefinanzen vun 2016 verdeedegt a féiert d’politesch Decisioun vu Leideleng dorobber zeréck, datt d’Gemeng einfach ni mat der Reform averstane war. D’Gemeng hätt och all Joer e Recours virum Verwaltungsgeriicht gemaach. D’Cour constitutionelle hätt schonn eng «richtungsweisend» Decisioun getraff, an där de Prinzip vun der Ëmverdeelung vun der Gewerbesteier tëscht de Gemengen guttgeheescht gëtt. Och d’Zentralbank hätt dee Solidaritéitsprinzip guttgeheescht. Leideleng wier och no de Reform nach ëmmer op der 12. Plaz vun 102 Gemengen, déi am meeschte Recetten erakréichen, sou nach d’Ministesch.
D’Taina Bofferding huet och bedauert, datt d’Gemeng Leideleng net éischter mat de Betriber kommunizéiert hätt. D’Buergermeeschtesch Diane Feipel hat sech RTL géigeniwwer och entschëllegt. Quitt datt si drop higewisen huet, datt d’Gemengeréit och public sinn an d’Betriber mam Decompte fir d’Steieren dëst Joer och en Erklärungsbréif fir d’Hausse vun der Grondsteier kritt hätten.