D'Police melltBomm aus dem Zweete Weltkrich zu Diddeleng kontrolléiert gesprengt

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt war en Dënschdeg de Mëtteg zu Diddeleng an der Rue Schiller eng Bomm fonnt ginn.

Géint 14 Auer war d’Bomm op engem Chantier an der Rue Schiller fonnt ginn. Fir d’Haiser niewendrun hätt keng Gefor bestanen, esou d’Police. Trotzdeem waren d’Awunner gebiede ginn, hir Wunnenge wärend dem Asaz net ze verloossen.

D’Strooss gouf gespaart an de Service de Deminage vun der Arméi huet d’Bomm op ee Feld an der Géigend bruecht. Do gouf d’Bomm géint 16.45 Auer kontrolléiert gesprengt. No der Sprengung ass d’Strooss fir de Verkéier nees opgaangen.

Back to Top
CIM LOGO