
Den Zuchtrafic huet doropshi mussen ënnerbrach ginn, tëscht Dummeldeng an der Stater Gare si Busse vun den CFL agesat ginn.
Géint 20.45 Auer konnten d'Zich awer nees rullen, deen Ament ass an der Gare een Zuch Richtung Norde fortgefuer.
D'Interventioun vun de Forces de l'orde war néideg ginn, well um Mëttwoch den Owend eng Wallis am Arrêt Pafendall fonnt gi war; déi hat du musse kontrolléiert ginn.