
Et war eng weider Mesure vun der Tripartite: Nämlech dass Proprietären, déi hir Wunneng an d’Gestion Locative Sociale ginn, elo 75 Prozent steierlech kënnen ofsetzen. Dat gëllt réckwierkend vun dësem Joer un. Ob doduerch méi Leit hir Wunneng de 39 Associatiounen zur Verfügung stellen, kéint een elo nach net soen. Mee de Stock vu GLS-Wunnenge misst onbedéngt méi grouss ginn, heescht et um Terrain.
De Logementsministère huet e Méinden d’Acteuren vum Terrain agelueden, fir Konventiounen ze ënnerschreiwen. Ma d’Associatiounen hate konkret Fuerderungen fir d’GLS ze adaptéieren.
Zum Beispill d’Fuerderung fir d’Subvention Loyer och deene Leit ze accordéieren, déi an enger GLS-Wunneng wunnen. Och wann de Loyerhei méi niddreg ass wéi um private Marché, kéimen d’Familljen trotzdeem an d’Struewelen. De Logementsminister Henri Kox no wier dat schwéier ëmzesetzen, well virum Gesetz jidderee soll gläich behandelt ginn. Seng Iddi wier et, wann d’Gesetz fir den abordabele Logement gestëmmt ass, d’GLS ze iwwerschaffen an de Loyer méi abordabel ze maachen. An doduerch hätt de Stot dann um Enn vum Mount méi Sue Recht. Eng aner Demande vum Terrain war déi, dass d’Hëllef vum Logementsministère an d’Luucht geet. Aktuell kréien d’Associatiounen nämlech 120 Euro de Mount fir eng GLS-Wunneng ze geréieren, erkläert d’Lynn Elvinger vun der Agence Immobilière Sociale Kordall. De Montant sollt gehuewe ginn, well och fir d’Associatiounen zum Beispill d’Käschte fir kleng Renovatioune klammen.
E weidere Problem wier, dass d’Leit no der Locatioun an enger GLS-Wunneng de Wiessel op de private Marché net packen. 2019 bis 2021 gouf et an den 105 Wunnengen vu der AIS Kordall 13 Prozent Departen, d’lescht Joer waren et der nëmmen nach 6 Prozent. E Phenomen, dat och bei der Associatioun Femmes en Détresse bemierkt gëtt, esou d’Direktesch Andrée Birnbaum. Fir vill Leit wier de private Marché net accessibel. An d’Waardelëschten fir eng Wunneng vum Fond de Logement oder der SNHBM wieren ze laang.
De Logementsminister Henri Kox sot RTL géintiwwer, d’Leit sollten an de GLS-Wunnengen eng méi laang Perspektiv kënne kréien. D’Zil wier et allgemeng mam neie Gesetz vum Logement Abordable e gréissere Park u Logementer ze hunn fir an deem Marché ëmmer nees eng passend Wunneng kënnen ze fannen.