No Abroch an HausBrigang bezilt mat Kreditkaart a gëtt ermëttelt

RTL Lëtzebuerg
En Onbekannten war tëscht e Sonndegnomëtteg a Méindeg de Moien an en Haus an der Rue du Verger an der Stad agebrach. Geklaut goufe Suen an eng Kreditkaart.
© Pixabay

Mat der geklauter Kaart huet den Onéierlechen 3 Mol iwwer d'"contactless"-Funktioun bezuelt a konnt esou ermëttelt ginn. Hie gouf identifizéiert a kuerz Zäit drop vun der Police am Drogenhëllefszenter an der Route de Thionville an der Stad opgegraff.

Et gouf protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO