
Zwou männlech Persounen wollten engem Chauffer, dee säi Won grad bei der Hausdier geparkt hat, de Schlëssel vum Gefier ewechhuelen. De Proprietär huet sech hefteg gewiert. Réischt wéi en Noper op d’Gejäiz an der Strooss opmierksam ginn ass an hëllefe wollt, hunn d’Täter sech séier ewech gemaach. Wéi d’Police nach präziséiert, gouf d’Affer um Kapp blesséiert
Op engem ëffentleche Parking an der Rue Saint-Quirin an der Stad gouf dann och an en Auto agebrach. Hei hat den Onéierlechen e Steen an déi hënnescht Fënster geheit an huet dono ënner anerem e Laptop matgoe gelooss.
An der Rue Michel Rodange hunn zwee Onbekannter eng Posch aus engem Auto geklaut. De Proprietär louch zu deem Zäitpunkt a sengem Gefier ze schlofen an huet vun der Aktioun näischt matkritt. Zeie waren awer och Zack an hunn d’Police geruff. Mat Hëllef vun den Zeien konnten d’Beamten net wäit ewech vum Won déi 2 Brigange stellen. Et gouf protokolléiert.
Wéini et zu dëse béide Virfäll koum, huet d’Police an hirem Bulletin net präziséiert.