
D’Chamber Finanz- a Budgetskommissioun krut en Donneschdeg an e Freideg déi rezentst Zuelen - ënnert anerem vun der Steierverwaltung - mat op de Wee. Aus deene geet ervir, datt fir 2018 d’Recette méi héich wäerten ausfale wéi erwaart. 2019 gëtt allerdéngs erëm mat manner Recettë gerechent.
Dat wier zu engem groussen Deel drop zeréckzeféieren, datt duerch e neien elektronesche System d’Steiere vu Betriber méi séier konnten akasséiert ginn. Den CSV-Deputéierte Gilles Roth betount, dass et dohier och verständlech wier, dass de Minister géif en Defizit vu 650 Milliounen Euro viraussoen. Dat misst also mat grousser Virsiicht gekuckt ginn. En plus wier een ofhängeg vun e puer Steiermodeller zu Lëtzebuerg. Et kéint een net einfach esou un e puer Stellschrauwen dréie goen, ouni eventuell finanziell Pertë mussen ze verbuchen, déi dann dono am Investissement feelen.
De Gilles Roth huet des weidere matgedeelt, datt zwou Geriicht-Affäre géinge riskéieren zu engem Ausfall vun 300 Milliounen Euro Recette féiere wann de Staat déi Affäre verléiere géing. An zur gudder Lescht gouf nach emol betount wéi ofhängeg Lëtzebuerg vu senger Finanzplaz wier, well dës 75% vun de Recettë liwwert.
De President vun der Kommissioun a Budgetsrapporter, den DP-Deputéierten André Bauler huet de Moien awer verséchert d’Majoritéit wier virsiichteg.
Et muss een awer wëssen, esou den André Bauler weider, dass d'Finanzplaz sech entwéckelt a weider diversifizéiert huet. Et hätt eng eng Spezialisatioun an der Diversifikatioun, Schocken déi vu bausse kommen ass ee weiderhin ausgesat, ma an engem manner grousse Mooss wéi nach virun 10 Joer, wéi mer d'Finanzkris haten. Et soll e weider virsiichteg sinn, ma Angscht brauch een awer keng ze hunn.
De Beweis datt d’Majoritéit virsiichteg wier, dat wier datt am Staatsbudget an an der Pluriannueller Programmatioun fir déi nächst Jore manner Recetten antizipéiert ginn.