Dass d'Buergbrennen huet missen ofgesot ginn, dat gouf et vläicht eng Kéier well Spëtzbouwen dee ganze Saster Holz a Chrëschtbeemercher geklaut haten. Mä dass d'Meteo de Veräiner iwwerall am Land e Stréch duerch d'Rechnung gemat hätt - un esou eppes, kann am Fong kee sech erënneren. Dat e Sonndeg war eng Première, a mat där koum d'Fro: Brenne mer eis Buerg dann elo awer där Deeg een? Däerfe mer dat iwwerhaapt? Oder brauche mer, als Veräin, dofir eng extra Geneemegung? E Jo oder Nee als Äntwert, huet keen esou direkt an der Täsch. Dofir goungen dës Froen en Dënschdeg weider un d'Ëmweltministesch, an dat iwwer de parlamentaresche Wee.
Nee, et ass keng histoire belge, mä eng Lëtzebuergesch. Einfach Fro, héichkomplizéiert Äntwert...
Mee elo vu Vir: u sech däerf ee jo zënter 1994, dobaussen näischt méi verbrennen. Dat steet am Offallgesetz. Eng Ausnam: grillen!
Dat "Ge-Buerg-Verbrenns" ass am Prinzip illegal! Stopp! Hei ass nach eng Ausnam... well d'Buergbrennen eng Traditioun ass, also KULTUR. An dofir däerf een awer. Awer nëmmen op Buerg-Sonndeg, an et ass egal op wéi en Datum deen Dag fält. Do mengt ee jo dann, et wier een aus dem Schneider - mä nee, ass een net. Well hei geeschtert esou e flou juridique doruechter.
Also: D'Buerg kann ee Brennen, egal op wéi engem Datum... mä: et muss ebe Buergsonndeg sinn. Fir de Lënster Ëmweltschäffen an Deputéierte Gilles Baum, eng onméiglech Situatioun, déi soll ee fir alle mol gereegelt ginn. D'Veräiner misste wëssen, ob se hir Plazen, wou d'Buergen opgeriicht goufen, musse botzen. D'Proprietäre vun den Terrainen, ob deene se stinn, wéilte jo och net, dass do e ganzt Joer Paletten asw leien.
Dass dee Veräin - zu Lënster waren et d'Scouten, elo gestrooft géifen, oder een d'Leit an der Ongewëssheet géing loossen, well se hiert Buergbrenne vläicht wéilten den nächste Sonnden nohuelen - Tënten mécht dat z.b. esou - dierft net sinn. Zemools esou eng Traditioun sollt erhale bleiwen, amplaz dass ee se bremst, warnt de Gilles Baum.
An dofir wëllt de bloe Lënster Ëmweltschäffen iwwer eng Parlamentaresch Fro kloer Wierder vun der zoustänneger Ministesch. Well si net am Land war, huet en Dënschdeg d'Ëmweltverwaltung op eis Nofro, iwwer de Ministère matdeele gelooss, dass een als Veräin, säi Buergbrennen ouni extra Geneemegung dierft nohuelen. D'Äntwert vun der Ministesch misst am Prinzip relativ séier, schrëftlech, nokommen.