
D'Burkaverbued an de Plaatzverweis, 2 Sujeten, déi d'national Politik dominéiert hunn an direkt eppes mam Zesummeliewen an der Gesellschaft ze dinn hunn a wou sech d'Regierung de Spagat versicht.
Am Ausland dominéiert d'Indignatioun virun der Politik vum Donald Trump an dem Demontage vum Kandidat vun der franséischer Droite, dem François Fillon.
Ënner anerem op dës Sujeten si mir am Presseclub e Sonndeg ze schwätzen komm.
D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren huet déi national an déi international Aktualitéit analyséiert...
D'Invitéen am Presseclub um Sonndeg:
d'Josée Hansen aus dem Land
de Marc Schlammes vum Wort
den Dhiraj Sabharwal aus dem Tageblatt
an de Luc Caregari vun der Woxx