N7Bus a Brand tëscht Housen an dem RP Fridhaff op der Héicht "Fléiber"
RTL Lëtzebuerg
Well e Bus op der N7 tëscht Housen an dem Rond-point Fridhaff en Dënschdeg am Nomëtteg gebrannt huet, gouf de Verkéier iwwert eng Niewestrooss deviéiert.
D’N7 huet dowéinst misse gespaart ginn. Wéi d’Police matdeelt, ware keng Passagéier am Bus, wéi d’Feier ausgebrach war. De Buschauffer koum rechtzäiteg eraus a gouf net blesséiert.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.