
D’Police gouf alarméiert an eng Patrull war séier op der Plaz a konnt de presuméierten Täter kuerz drop stellen. De Buschauffer koum an d’Spidol an de Verdächtege huet um Kommissariat seng Aussoe zu der Dot misste maachen.
Zu Schëffleng gouf e Mann gepëtzt, géint deen en Haftbefeel besteet. De Beamte vun der Police war géint 2 Auer an der Nuecht e verdächtege Won opgefall, woubäi kuerz dono erauskoum, datt dësen der gesichter Persoun gehéiert. Dësen hat probéiert, an der Géigend, wou säi Gefier ofgestallt war, an aner Autoen anzebriechen, wéi d’Police hien erwëscht huet. De Parquet huet de Mann verhaften an op Schraasseg brénge gelooss. Och wäert hien deemnächst dem Untersuchungsriichter virgefouert ginn.
Da mellt d’Police nach e puer Permisen, déi agezu goufen. Dat zu Biissen a Richtung Rouscht en Dënschdeg géint 15 Auer. Hei war en Automobilist ënnerwee, deen Zickzack gefuer ass an dobäi an e Won gerannt ass, deen him entgéint koum. Wärend senger Aventure hat hien awer net just en anere Won, mä och nach op engem Chantier Bëtongsbléck ze packe kritt. Beim Accident mam zweeten Auto gouf d’Persoun aus dem anere Gefier blesséiert. Géint 22.50 Auer war zu Wolwen en accidentéiert Gefier gemellt. Wéi d’Police op d’Plaz koum, hu si festgestallt, datt de Chauffer ze vill gedronk hat, wat den Test och confirméiert huet. Op der A13 op der Héicht vum Rond-point Biff war e Chauffer, dee vun Esch koum, an d’Mauer an an e Schëld gerannt. De Fuerer gouf net blesséiert, ma säi Alkoholtest war positiv.
E Mëttwoch am fréie Moie gouf en Abroch an engem Zeitungsbuttek zu Bouneweg gemellt. No enger Sichaktioun konnten zwee presuméiert Täter ermëttelt ginn, déi dann och e Mëttwoch am Nomëtteg virun den Untersuchungsriichter koumen.