Nei PetitiounenBusspur tëscht Briddel an der Stad, Nuetszich a fräiwëlleg Police

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Moie kënnt déi parlamentaresch Petitiounskommissioun beieneen. Den Deputéierte leien am Ganzen 10 Petitioune vir.
© RTL Grafik

An enger dovu gëtt gefuerdert, dass an de Crèchen a Schoule Bioproduiten mussen zerwéiert ginn. Ee weidere Petitionär schwätzt sech fir d'Aféiere vun enger Busspur um Briddel Direktioun Stad aus.

Wann et dem Initiateur vun der Petitioun mat der Nummer 1291 nogeet, misste Volle vu Lëtzebuerg aus a Stied, déi manner wéi 800 Kilometer vum Grand-Duché ewech leien, vun 2025 u verbuede ginn. Als ekologesch Alternative zum Fliger fuerdert ee weidere Petitionär, dass nees international Nuetszich duerch Lëtzebuerg sollen erlaabt ginn.

Aner Petitioune fuerderen ënnert anerem d'Schafe vun enger fräiwëlleger Police, ee Siichtschutz fir Accidenter op den Autobunnen, eng Adaptatioun vum Code de la Route fir Motocyclisten am Stau op den Autobunnen, dass si d'Rettungsgaass oder d'Pannespur am Fall vun engem Stau kënne benotzen, ee kriteschen Ëmgang mam synthetesche Séissstoff Aspartam, d'Gratuitéit vun Hygiènesproduiten, eng Indemnitéit fir Leit, déi hir Kanner doheem betreien, souwéi d'Walrecht fir Jonker vu 16 Joer un.

Back to Top
CIM LOGO