Dacks huet de Locataire gewiesselt. Den Ament gesäit d’Buvette verlooss aus. Beim Bléck era kritt een d’Gefill, ewéi wann hei een Hals iwwer Kapp alles fale gelooss hätt.
Deemools, wéi et op dëser Plaz nach e Camping gouf an d’Leit sech hei vum Alldagsstress erholl hunn, kéint d’Buvette schwätzen, hätt si mat Sécherheet och esou munches ze erzielen. Elo soll si erhale ginn.
De Wämper Séi ass en No-Erhuelungsgebitt, deen iwwer d’ganzt Joer ëmmer vill Touristen unzitt. Aus Lëtzebuerg an och der Groussregioun. Mat engem Hotelkomplex an Aktivitéite ronderëm de Séi soll dës Plaz nei belieft ginn. Enn 2023 soll den Hotel mat senge ronn 90 Zëmmeren opgoen.
Hei ënnen um Séi sollen dës Aktivitéiten also proposéiert ginn. An do läit d’Kromm an der Heck. Well genee op där Plaz steet d’Buvette, déi elo soll klasséiert ginn. Den Investisseur wollt se ofrappen.
Den 22. November hunn d’Gemengeresponsabel eng Entrevue mat Sites et Monuments. Den 2. Dezember steet d’Klassifikatioun vun der Buvette um Ordre du Jour vun der Wämper Gemengerotssitzung.