
Wann ee vu Chambres Meublées schwätzt, respektiv vu Cafés-Zëmmer, sinn domadder net Sozialwunnenge gemengt, mä Zëmmer, déi u sech jiddwer Proprietär a sengem Haus ka verlounen. Dass et do Reegele ginn, ass kloer, mä dass net jiddweree sech un déi hält, ass och méi wéi sécher!
D’Stad Lëtzebuerg, an där et, wéi an den anere Gemengen, vill ze wéineg Sozialwunnenge gëtt, huet viru Jore probéiert, iwwer e “Qualitéits-Label” d’Proprietäre fir offiziell deklaréiert Cafés-Zëmmer ze begeeschteren. Eng Initiativ, déi virun allem déi net intresséiert, déi de Wäert vun hirer Proprietéit esou wëllen erop drécken grad ewéi déi, deenen et egal ass, ob de Locataire uerdentlech am gelounten Zëmmer ka liewen.
Am 3. Deel vun eiser Serie iwwer d’Wunngemeinschaften erkläert eis de Stater Sozialschäffen, wéi een um Knuedler versicht, d’Thema Cafés-Zëmmer a sozial Wunnengsnout, an de Grëff ze kréien.
Op der Gemeng schellt den Telefon an do seet dann een, hie wier Proprietär vun engem Eefamilljenhaus an hie wéilt, amplaz d’Gebai als Ganzt a Locatioun ze ginn, et an Zëmmer opsplécken, an déi dann eenzel verlounen... ob dat vum Gesetz hir ok wier, sou dem Mann seng Fro, an op wat hien dann do eigentlech misst oppassen?!
Dat hei klengt ze schéin fir wouer ze sinn, an éischter wéi en Extrait aus dem Dréibuch vun engem Film mam Titel: Alice am Immobilie-Wonnerland Lëtzebuerg...! Tatsaach ass: et ginn där Éierlecher, wann och net esouvill, an an der Stad kann de Sozialschäffen Maurice Bauer déi op 3 Hänn ofzielen.
Maurice Bauer:“Dee Label gëtt et zënter engen 10 Joer, wou d’Stad Lëtzebuerg deen ausgeschafft huet. Mir hunn haut awer leider Gottes eréischt 15 Etablissementer oder Wunnengen déi de Label kritt hunn.”
Als Locataire versteet een deen Ament, dass d’Zëmmer kee klengt, däischtert a knaschtegt Lach ass. An dass och soss d’Reegelen agehale sinn.
Dass dat d’Ausnam ass, weess och de Stater Sozialschäffen – d’Realitéit ass déi, dass keen hannert d’Fassad gesäit oder wëll gesinn, oder, eng weider Optioun – wéi dat op gutt Lëtzebuergesch heescht – deen een schäisst deen aneren un.
Maurice Bauer: “Déi aner Situatioun ass wann d’Leit soen: mir gesinn do an deem Haus dass do Leit an an aus ginn, wou mir net sécher sinn, do wier et wichteg eng Kontroll ze maachen. Da gi mir och mat eise Servicer dohinner an da kontrolléiere mer de Proprietär, ob d’Gesetzer respektéiert ginn. Wann dat net ass, gëtt eng Mise en Demeure ausgesprach, wou de Proprietär sech no enger gewësser Zäit muss konform maachen zum Gesetz.”Net just an der Stad ass d’Biergeramt net genee am Bild wie wou wunnt oder ugemellt ass. Grad an de Cafés-Zëmmer gëtt do dacks gewurschtelt, och vun de Locatairen, déi méi wéi ee mol hir Adress weider verkafen. E schwieregen Dossier fir d’Gemengen, déi méi oder manner ongedëlleg op de Projet de loi waarden. Bis dohinner gëllt an der Stad d’2019ter Gesetz, an de PAG.
Maurice Bauer:“z.B. an der Stad ginn et eng ganz Partie Stroossen a Quartieren wou ee guer keng Chambres Meublées däerf maachen. Dat ass eng 1. Conditioun. Zweetens muss een dann eng Informatioun un de Buergermeeschter ginn, dass een dat wëll maachen an et muss een e Register halen, wou een zu all Ament, wann esou eng Kontroll wier, misst kënne virweisen, wien aktuell an deenen Zëmmer wunnt.”
E Gemeinschaftsraum, eng minimal Metercarrés-Zuel pro Zëmmer, Sorties de Secours...e puer vun de Conditioune fir dierfen esou Chambres meublées ze maachen. Kontrolléiert gëtt mat a vu Police, Bautepolice, Pompjeeën an dem Service Logement...
Maurice Bauer: Wann d’Situatioun esou grave ass dass mer mussen eng Fermeture schwätzen ass et natierlech d‘Responsabilitéit vum Propriétaire fir d’Relogement vun de Locatairen ze maachen. Wann hien dat net kéint maachen, dann ass et natierlech un der Gemeng a mir kéinten him dann och de Loyer froen wärend enger Zäit. Dat muss och esou sinn, well soss ass einfach ze vill Risiko dass d’Proprietären hei fräi Hand hunn.”...an deen Ament vun de Gemenge profitéieren. Dass déi net musse fir Privat-Leit asprangen ass keng Diskussioun. Dass eng Gemeng och net d’office do ass, fir Locatairen opzefänken, déi an dacks Mënschen onwierdegen Zëmmer liewen, kann een och ënnerschreiwen. DASS et awer esouwäit kënnt, ass d’Responsabilitéit vun Staat a Gemengen.
...esou wäit de Maurice Bauer, Sozialschäffe vun der Stad Lëtzebuerg, zu de Cafés-Zëmmer an de Schwieregkeeten, déi mat esou Locatioune verbonne sinn.
Iwweregens kënnt eng gutt Nouvelle vun Esch. Am éischte Reportage vun eiser Serie hate mer iech vum Nicole Hostert geschwat, an hire Schwieregkeeten sech an der Gemeng unzemellen, woufir se zënter Méint kee REVIS kritt. Den Nationale Solidaritéitsfong an den Escher Office Social hätten no enger Léisung gesicht, a géife sech mat der Madamm Hostert zesumme setzen. Dat jo emol eng gutt Nouvelle, op Helleg Owend.
Serie WGen - Deel 1: Trotz Wunneng keng Adress an ouni Adress kee Revis
Serie WGen - Deel 2: Solidarescht WG-Wunnen am Neiduerf
Serie WGen - Deel 3: Cafés-Zëmmer "De Luxe" - Eng Raritéit zu Lëtzebuerg
Serie WGen - Deel 4: Déieren erlaabt - Eng nei "Halte de nuit"