PoliceCamion am Camion - gravéierend Mängel bei Kontroll festgestallt

Andy Brücker
An der Nuecht vum 7. Mäerz huet d'Police zu Rodange an der route de Longwy e Camion kontrolléiert, bei deem den Unhänger komplett verbéit war.
© Police

Wéi d'Beamten de Camion méi genee ënnert d'Lupp geholl hunn, hu se festgestallt, dass am Unhänger grouss a méi kleng Deeler vun anerer Camionen dra waren, an dass d'Luedung net geséchert war.
Alles an allem war de Camion mat 2350 Kilo iwwerlueden.

Dobäi kënnt dann nach, dass de Camion, dee vun Nanzeg a Richtung Antwerpen ënnerwee war, guer net ugemellt war. De Camion gouf immobiliséiert an et gouf e Protokoll geschriwwen.

Back to Top
CIM LOGO