Ee BlesséiertenCamion géint Auto op der Héicht vun der Schierener Bréck op der B7

RTL Lëtzebuerg
Géint 15.44 Auer en Dënschdeg am Nomëtteg war et op der B7 zu engem Accident komm.
© Domingos Oliveira

Wéi de CGDIS mellt, hate sech op der Héicht vun der Schierener Bréck e Camion an en Auto ze pake kritt. Eng Persoun gouf blesséiert. D’Ambulanz aus der Nordstad an d’Pompjeeë vu Colmer-Bierg waren op der Plaz.

Den Trafic gouf tëschenduerch via d’N7 duerch Schieren ëmgeleet. Zanter 17.11 Auer ass den Trafic nees a béid Richtunge laanscht den Accident gelaf, et huet awer nach gedauert bis de Stau sech opgeléist huet.

Iwwerdeems huet de CGDIS en Accident gemellt, dee kuerz no 13 Auer en Dënschdeg geschitt ass. Um CR159 gouf eng Persoun blesséiert, wéi en Auto an e Bam gerannt ass. D’Ambulanz aus der Stad an d’Pompjeeë vu Réiser waren am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO