
Nodeems de Mëttwoch géint 15.10 Auer um CR234 tëscht Conter a Sandweiler ee Camion ëmgekippt ass a seng Charge verluer huet, war d'Strooss fir a Richtung Sandweiler e puer Stonne laang fir de Verkéier gespaart.
Géint 18.30 Auer war den Accident geraumt an d'Streck ass nees fir de Verkéier opgaangen, wéi den ACL mellt. Secouristen aus Sandweiler, Mutfert an der Stad Lëtzebuerg waren op der Plaz, genee wéi ee Samu.
Zu Réimech op der Esplanade gouf de Mëttwoch géint 16.10 Auer dann och nach ee Foussgänger ugestouss. Zwou Persoune wiere bei dem Accident blesséiert ginn, sou de CGDIS an enger Matdeelung. Zwou Ambulanzen a Rettungsdéngschter aus Réimech a Schengen waren op der Plaz.