Am LokalenCamionnette krut Bam tëscht Habscht a Käerch ze paken, Permis agezunn

RTL Lëtzebuerg
Weider Accidenter mellt de CGDIS e Sonndeg den Owend, respektiv e Méindeg de Moien op der A13.
© CGDIS

Um 23.23 Auer ass e Gefier op der A13 tëscht Lalleng a Schëffleng accidentéiert. 1 Persoun gouf hei verwonnt.

Ee Blesséierte gouf et e Méindeg de Moien um CR105, wéi eng Camionnette tëscht Habscht a Käerch mat engem Bam kollidéiert ass. De Chauffer koum net aus eegener Kraaft méi aus dem Gefier an huet misste gebuerge ginn. De Mann koum an d’Spidol, ma well säin Alkoholpeegel ze héich war, krut hien och de Permis ofgeholl.

Op der A13 tëscht dem Tunnel Éilereng an dem Tunnel Aessen ass e Camion kuerz viru 5 Auer moies géint d’Leitplank geroden. Och hei ass de Bilan 1 Blesséierten.

Géint 8.30 koum et dann zu Leideleng op der Kräizung vun der Rue Leon Laval mat der Rue Jean Fischbach zu enger Kollisioun tëscht zwee Gefierer. Eng Persoun gouf blesséiert. D’Rettungsdéngschter aus der Stad a vu Leideleng waren op der Plaz am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO