
Ee Joer Prisong mat Sursis, eng Geldstrof vun 1.000 Euro an e Fuerverbuet vun 2 Joer, wouvun eent mat Sursis ass a fir dat anert de Wee fir op d'Aarbecht ausgeholl ass, dat ass d'Uerteel fir e Camionschauffer, deen deemools bei Fluessweiler vun der Autobunn erofgefuer war, fir d'Pneue vum schwéiere Gefier ze kontrolléieren. De Mann war no där Kontroll hannerzeg zeréck op d’Autobunn gefuer. Wéi hien ugefaangen hat Gas ze ginn, war e Mann vun deemools 24 Joer mat sengem Auto dem Camion hannendrop gerannt an doropshi verscheet.