
Dat äntwert de Minister fir d’Classes moyennes an den Tourismus Lex Delles op eng parlamentaresch Fro vun der Deputéiert vun déi Lénk, Myriam Cecchetti.
D’Campagne war u sech schonn 2019 annoncéiert ginn. Se wier awer net annuléiert, mee just reportéiert ginn, sou de Minister. D’Produktioun vu personaliséierte gliesene Fläsche fir d’Campagne hätt duerch d’Pandemie Verspéidung kritt.
Lex Delles betount donieft datt d’Campagne d’nächst Joer op fräiwëlleger Basis funktionéiere soll. De Ministère kann dofir och net chiffréieren, wéi vill Entreprisen aus dem Horeca-Secteur wäerte matmaachen. D’Zil wier et och net net fir gratis Waasserkaraffen an all Caféen a Restauranten unzebidden, mä fir de Clienten an de Restaurateuren de Choix ze loossen.
D’Regierung wëll de Restaurateuren och net virschreiwen, zu wéi engem Präis si d’Karaffe mat Krunnewaasser ubidden.
RTL News: Petitioun fir gratis Drénkwaasser krut déi néideg Ënnerschrëften