A Caféen a RestaurantenPetitioun fir gratis Drénkwaasser krut déi néideg Ënnerschrëften

RTL Lëtzebuerg
Eng Karaff Waasser beim Iessen, am Plaz Waasser aus der Fläsch – dat kéint och zu Lëtzebuerg Normalitéit ginn.

Eng ëffentlech Petitioun vun der Associatioun “Refill Lëtzebuerg” fuerdert e Recht op gratis Waasser, ähnlech wéi a Frankräich. An dës Petitioun Nummer 1319 huet elo de Seuil vun Ënnerschrëften areecht, fir an der Chamber debattéiert ze ginn. Um Dënschdeg de Moie waren et der schonn iwwer 5'000... néideg sinn der jo 4'500.

D’Petitionären hoffen, datt duerch hire Projet e groussen Deel vum Waassertransport- an Import ka reduzéiert ginn. D’Petitioun fir Gratis Krunnewaasser an de Restauranten a Caféen kann nach bis e Freiden, 30. August, ënnerschriwwe ginn.

Back to Top
CIM LOGO