
Stereotyppen an Ongläichheet bekämpfen. Dat huet d'Taina Bofferding, Ministesch fir Gläichheet tëscht Fraen a Männer, sech als Zil fir dëst Mandat gesat. Am Kader vum 100. Joresdag vum Walrecht fir Fraen huet si eng Campagne lancéiert, fir déi Jonk zu dësem Sujet ze sensibiliséieren.
Vun e Méindeg un ass de sougenannte MEGA Jumper ënnerwee.
Si ass ganz faarweg a fiert ënner anerem a Lycéeën, also ob Plaze wou déi Jonk sinn.
D'Ministesch fir Gläichberechtegung Taina Bofferding erhofft sech, mat hinnen an d'Gespréich ze kommen, fir mat hinnen iwwer d'Egalitéit kënnen ze diskutéieren. Awer och ee bëssen hir Meenung dozou ze héieren a mat hinnen zesummen Atelieren ze maachen an, wéi gesot, mat hinnen do kënnen den Echange ze hunn.
Ee weidert Element vun der Campagne ass de Jugendfestival „Rock de Rack“ am Oktober an der Rockhal. Nieft engem Concert mat der Gewënnerband vum Screaming Fields Concours ginn de ganzen Dag iwwer Workshops zu den Themen Demokratie, Meenungsfräiheet an Gläichstellung vu Fra a Mann ugebueden. Dat an Zesummenaarbecht mam Jugendparlament a mat der Plattform BeSecure.

Zum Projet gehéiert och eng Wanderausstellung. Déi kann an de Lycée goen, an d'Schoulen, awer och d'Gemenge kënnen déi zum Beispill buchen, wou se dann déi wichtegst Etappe vun der Demokratie méi locker demonstréiert kréien.
Net nëmme fir d'Schüler, mä fir déi ganz Bevëlkerung ass zënter dësem Méindeg och eng Ëmfro um Site vum Ministère, wou een anonym seng Meenung zu Theme wéi ongläich Chancen am Beruffsliewen oder Stereotypper matdeele kann.
Wat soten dann déi Jonk aus dem Lycée Hubert Clement, wou de MEGA Jumper déi éischt Statioun hat, zum Thema ongläich Behandlung vu Mann a Fra? D'Lara Schummer fënnt, dass een d'Leit mol fir d‘Éischt iwwer déi aktuell Situatioun informéiere muss.
Ech ka mer trotzdeem virstellen, dass et vill Leit sinn, déi dat ëmmer nach an hirem Alldag bemierken, mä déi vläicht net wëllen doriwwer schwätzen, well et vläicht ze perséinlech ass fir si.
De Pedro Lopes begréisst d'Opklärung iwwer Stereotyppe an der Schoul, well een als Schüler do de gréissten Deel vu senger Zäit verbréngt.
Et héiert ee ganz oft iwwer d'Rass oder Alter an et héiert een och ganz oft, dass d'Fra zum Beispill manner bezuelt gëtt, wéi de Mann. Et sinn elo Beispiller, déi een oft matkritt, mä et ass een net wierklech, zemools als Schüler, ass een nach net domadder konfrontéiert.
Verschidde Jonker goufen deemno scho mat dëse Sujeten am Alldag konfrontéiert oder kennen Leit, bei deenen dat de Fall war.