Invité vun der Redaktioun (8. November) - Guy EntringerCampéiere virum SNHBM wäert et net méi ginn, de System gëtt reforméiert

Pit Everling
E Freideg de Moie war den Direkter vun der SNHBM eisen Invité vun der Redaktioun.
Invité vun der Redaktioun: Guy Entringer
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

"Datt d'Leit virun eiser Dier campéiert hunn, fir eng Wunneng ze kréien, hate mer nach ni virdrun. An dat wäert et och net méi ginn, well de Selektiouns-System gëtt reforméiert." Dat sot de Guy Entringer, Direkter vun der SNHBM, e Freideg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun.

De System hätt 10 Joer laang gutt funktionéiert, huet awer elo d'Limitte gewisen. Et sinn also Ännerunge geplangt. D'Propose läit um Dësch fir e Punktesystem anzeféieren.

De Guy Entringer

An Zukunft solle weider Leit, déi e Lien mat der Gemeng hunn, prioritär behandelt ginn. D'Gréisst vun der Wunneng soll méi adaptéiert sinn un d'Gréisst vun der Famill, also eng Famill mat méi Kanner soll éischter d'Recht op en Haus hunn.

D'Situatioun um Logementsmarché wier seriö an ugespaant, gëtt de Guy Entringer zou.

Investéiere wier zu Lëtzebuerg nach ëmmer interessant, seet de Guy Entringer a verweist zum Beispill op den Amortissement. D'Politik sollt vläicht kucke wat ee ka maachen, fir d'Demande erofzekréien.

D'SNHBM huet dëst Joer 300 Unitéiten ugefaange mat bauen. D'nächst Joer wäerten et der vläicht e bësse manner sinn an dat Joer drop nees hoffentlech méi. Mä et wär schwéier Leit ze fannen, déi et ëmsetzen, déi bauen. Heiansdo géif sech op eng Ausschreiwung kee Betrib mellen, gëtt den Direkter vun der Société nationale des habitations à bon marché ze bedenken.

E Freideg de Moie war den Direkter vun der SNHBM eisen Invité vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO