CoronavirusCargolux-Mataarbechter krute genee Instruktiounen a si virbereet

Claudia Kollwelter
D'Cargloux flitt vill manner Vollen an Direktioun China, well d'chinesescht neit Joer bis den 9. Februar verlängert gouf.
© Cargolux

Mä och wann et manner Flich tëscht Lëtzebuerg a China ginn, muss een dem Coronavirus och Rechnung droen. De Luc Loschetter, Responsabel fir Gesondheet a Sécherheet bei der Cargolux, betount, datt scho virun enger Rei Deeg definéiert gouf, wien a China fléien dierf a wien net.

Extrait Lux Loschetter

De Luc Loschetter: Mir hunn eis Business Travellen op een absolutte Minimum reduzéiert. Mir hunn der Crew an de Piloten Informatioune matginn. A si hunn och Masken zur Verfügung an Desinfektiounsdicher, wa se sech d'Hänn net mat Seef kënne wäschen. Mir hunn hinnen och kloer Instruktioune ginn, wat se musse maachen am Fall, wou se eng Persoun u Bord hätten, déi infizéiert ass oder selwer krank wieren, entweder ënnerwee oder wa se zréckkommen.

Et hätt een dat ëmgesat, wat d'Santé de Leit réit. D'Piloten hätte kloer Instruktioune krut, wéi se mat sou enger Situatioun sollen ëmgoen. Donieft géif et och eng Hotline ginn, wou d'Pilote ronderëm d'Auer Informatioune vun Doktere kënne kréien. Et kritt ee permanent Informatioune vun der WHO huet de Luc Loschetter nach betount, a wann d'Situatioun sech weider zouspëtze géif, da géing ee weider Moossnamen huelen.

Back to Top
CIM LOGO