
Als bedauerlech beschreift den Direkter vun der Caritas Marc Crochet d’Heescheverbuet, eng vun den éischte Mesurë vun der neier Regierung. Anere kënnen ze hëllefen an ëm Hëllef froen, wier e Recht. “Et ass eigentlech absurd, dass et en Heescheverbuet soll däerfe ginn”, sou den Direkter. D’Fro, déi ee sech hätt missen als éischt stellen, wier, wéi een dës Leit besser en Charge kann huelen, huet d’Presidentin vun der Caritas Marie-Josée Jacobs betount.
Generell begréisst d’Caritas awer, dass een de Kampf géint d’Aarmut a géint d’Kanneraarmut als eng Prioritéit vun der Regierung definéiert huet. Kritik gëtt et awer wéinst der Manéier, wéi de Logementsmarché soll relancéiert ginn. D’Mesurë géinge Proprietären a Promoteuren zegutt kommen a manner deene mam kleng Portefeuille, sot déi politesch Spriecherin Carole Reckinger. D’Erhéijung vun der Loyerssubventioun géing net duergoen. Ausserdeem géing dës vu ville Leit aus Manktem un Informatioun net ugefrot ginn, déi eigentlech en Urecht hätten.
Am meeschten ass an der Pressekonferenz iwwert d’Vue vun der Caritas rieds gaangen, wéi de Revis (Revenu d’inclusion sociale) soll ugepasst ginn, fir méi effikass ze sinn. Iwwer 7.500 Kanner liewen hei am Land an engem Stot, dee Revis bezitt. Ëmmerhi wier de Revis méi performant wéi de fréieren RMG. Famillje mat Kanner hätten 43 Prozent méi, Monoparentalle 17 Prozent méi. Dem Statec no géing eng Famill, déi Revis kritt an all weider sozial Hëllefen ufreet, genuch zur Verfügung hunn, fir dezent ze liewen. De Problem wier awer, dass eng Partie vun de Concernéierte net voll schaffe géingen, erkläert d’Carole Reckinger. Dëst hätt zur Konsequenz, dass et awer net duer géing goen.
E weider Problem wier, dass beim Revis de ganze Stot géing gekuckt ginn. Wann e Kand als jonken Erwuessenen enger Aarbecht nogeet an doheem wunnt, gëtt säi Revenu och mat beim Stot consideréiert. An deem Sënn ass dës Persoun da responsabel fir d’Famill a ka sech just schwéier selwer eppes opbauen. Änlech gesäit et aus fir Refugiéeën, déi bei enger Gaaschtfamill ënnerkomm sinn an an deem Fall den Usproch op Revis kéinte verléieren.
Fir d’Situatioun vu Leit mat manner finanzielle Mëttelen ze verbesseren, wieren net just Suen néideg, ënnersträicht d’Carole Reckinger. Vill Hëllefen, déi hinnen zoustinn, erreechen d’Leit net. An deem Sënn misst eng administrativ Vereinfachung kommen. Ënner anerem en Automatismus, dass, wa Leit bestëmmt Hëllefe kréien, och automatesch anerer kréien. Doriwwer eraus misst d’Sprooch an den administrative Bréiwer vereinfacht ginn.
E weidert wichtegt Uleies vun der Cartitas ass, dass d’Roll vun de Sozialaarbechter soll gestäerkt ginn. D’Organisatioun fuerdert sougenannte Case-Workers, also Sozialaarbechter, déi op engem Fall schaffen. Sou dass Leit, déi Ënnerstëtzung brauchen, net ëmmer punktuell vu bestëmmte Persoune begleet ginn.
Zejoert huet d’Caritas 3,3 Milliounen Euro u Spendegelder kritt. D’lescht Joer, dëst, a fir d’Zukunft hätt een decidéiert, méi Suen an d’Aarbecht zu Lëtzebuerg z’investéieren, sot de Marc Crochet. Et wier engersäits eng praktesch Decisioun, anersäits awer och eng Demande vun de Leit gewiescht, huet d’Marie-Josée Jacobs ënnerstrach.