Invité vun der Redaktioun (8. Juni) - Carlo BlumInterimsdirekter soll no Mobbing-Virwërf a Problemer bei "Family of Man" Rou an CNA bréngen

Annick Goerens
E Méindeg de Moie war d'Situatioun beim CNA Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Carlo Blum, Interimsdirekter vum CNA
E Méindeg de Moien war d'Situatioun beim CNA Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Zanter Enn Abrëll ass de Carlo Blum Interimsdirekter vum CNA (Centre national de l’audiovisuel) zu Diddeleng a war e Méindeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. Seng Missioun leeft virleefeg bis Enn Oktober.

No Méint vu Kontroversen an negative Schlagzeile beschreift hie seng éischt Wochen als intensiv, mee och ganz interessant. Hien hätt eng ganz kompetent Ekipp an hätt vill Gespréicher mam Personal gefouert, fir d'Situatioun besser ze verstoen. Och wann hie just zu 50 Prozent am CNA schafft (déi aner 50 Prozent als Directeur adjoint an der BNL), gesäit de Carlo Blum seng Roll virun allem doran, den deegleche Fonctionnement ze garantéieren. Gläichzäiteg preparéiert hien de Profil vum neien Direkter, deen d'Institutioun op laang Siicht féiere soll.

Reproche vu Mobbing a schlechtem Aarbechtsklima

Ee vun de gréissten Dossiere fir de Carlo Blum ass d'Stëmmung bannent dem CNA. No Mobbing-Virwërf an enger interner Etüd, déi e problematescht Management an eng Atmosphär vun Angscht beschriwwen hat, géif hie ganz eescht huelen. "Wann ee vu Mobbing schwätzt, vun Harcèlement schwätzt. Dat sinn oft Saachen, déi e bëssen en cachette passéieren, déi repetitiv sinn. An ech denke wat ee muss maachen, ass, datt een aus deem doten Environnement erauskënnt." Mat Formatiounen an Informatiounssëtzunge soll kloergestallt ginn, wat akzeptabel ass a wéi Problemer gemellt kënne ginn. Wat een elo bräicht wier Respekt virun der Dignitéit vun de Mënschen.

Family of Man: Keng Confirmatioun, datt Schued entstanen ass

Déi leschte Méint huet och d'Ausstellung "The Family of Man" zu Klierf fir gréisser Diskussioune gesuergt, nodeems Problemer mat der Loftfiichtegkeet festgestallt goufen. Dofir gouf elo eng extern Restauratrice beoptraagt, fir den Zoustand vun de Fotoen ze analyséieren. Laut dem Interimsdirekter gëtt et bis elo keng definitiv Confirmatioun, dass d'Original-Fotoen duerch d'Fiichtegkeet e Schued erlidden hunn. Falls dat de Fall wier, misst een d'Biller natierlech restauréieren, sou de Carlo Blum. Donieft géing een zweeten, alternative System installéiert ginn, fir Mesuren ze huele bei der Temperatur an der Fiichtegkeet, fir besser kënnen ze kontrolléieren.

D'Expo wier einfach wéi en alen Auto, wou och mol no 15 bis 16 Joer Piècë misste changéiert ginn. Wichteg wier awer, dass d'Expo mam UNESCO-Label op bleift, well se géing an engem Spannungsfeld leien tëscht Preservatioun an ekonomescher Wichtegkeet fir Klierf. All Joers komme ronn 17.000 Visiteuren doduerch an d'Éislek. Wichteg wier och fir fréier oder spéider eng digital Kopie vun der "Family of Man" ze maachen. Spéitstens fir 2029, wann d'Expo 150 Joer feiert an een domat eventuell wéilt op d'Rees goen, bräicht et eng Kopie.

Digitaliséierung als strategesch Erausfuerderung

Als geléierten Informatiker an Directeur adjoint vun der Nationalbibliothéik wëll de Carlo Blum seng Erfarung an der Digitaliséierung och am CNA afléisse loossen."Wat ech beobachten, ass, datt fir d'Recherche quasi just nach déi Donnéeën, déi digital zur Verfügung stinn, Impakt hunn." Dofir wier digitaliséieren den A&O. Et géingen nei Maschinne kaaft gi fir d'Digitaliséierung vu Filmer an Toundokumenter. Dës sollen nach dëst Joer a Betrib geholl ginn. Op laang Siicht kéinten och Kënschtlech-Intelligenz-Léisungen agesat ginn, fir Archiv-Material automatesch ze transkribéieren an doduerch besser zougänglech ze maachen. Et hätt ee ganz interessant Dokumenter an dësem méisproochege Land a "mir wëllen am Fong hunn, datt eis Kollektiounen op der europäescher Recherche gesi ginn."

Zougang zu den Archive soll nees verbessert ginn

De CNA huet an de leschte Jore seng verschidden Archiv-Beräicher zesummegeluecht. Déi komplex Migratioun vun Donnéeën an Objeten huet awer zu engem grousse Réckstand gefouert. Dofir goufe Ressourcen ofgezunn, fir de Réckstand kënnen opzehuelen an dofir war den Accès op d'Archiven eng Zäit laang limitéiert. Den Zougang zu den Archive géing awer zanter Ufank des Joers nees normal lafen, och wann nach vill Aarbecht bei der Veraarbechtung vun den Donnéeën usteet.

Ob hie sech eng definitiv Roll als Direkter vum CNA kéint virstellen, léisst de Carlo Blum op. Hien ënnersträicht awer, datt säin Häerz weiderhin un der Nationalbibliothéik hänkt, wou hien zanter ville Jore wichteg Digitaliséierungs- an Transformatiounsprojete begleet huet. Prioritéit bleift fir hien elo, en transparente Rekrutementsprozess fir déi definitiv Direktioun op de Wee ze bréngen.

E Méindeg de Moien war d'Situatioun beim CNA Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO