Zoustand vum Reakter 3 zu CattenomCarole Dieschbourg a Claude Turmes fuerderen eng séier Äntwert vu Frankräich

RTL Lëtzebuerg
An der Press war e Mëttwoch ze liesen, dass Rëss an de Leitunge vum Killsystem confirméiert gi wieren.
© Max Gengler

D’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an den Energieminister Claude Turmes hunn e Bréif un de Generaldirekter vun der Autorité de Sûreté nucléaire a Frankräich geschéckt a froen no Informatiounen iwwert de Reakter 3 zu Cattenom.

Zoustand vum Reakter 3 zu Cattenom / Rep. Dany Rasqué

An der Press war e Mëttwoch ze liesen, dass Rëss an de Leitunge vum Killsystem confirméiert gi wieren. Den Internetsite montelnews.com hat en Artikel an deem Sënn publizéiert. De betraffene Reakter ass Enn Mäerz ausgemaach ginn.

Electricité de France, kuerz EDF, hat virun e puer Wochen decidéiert, weider Analysen ze maachen, nodeems an enger Rei Atomzentrale kleng Rëss am Killsystem fonnt gi waren. Kontrollen, déi eben och zu Cattenom gemaach goufen, kuerz nodeems Lëtzebuerg den 19. Januar en éischte Bréif un d’Autorité de Sécurité nucléaire geschéckt hat.

D’Lëtzebuerger Ministeren ënnersträichen an hirem Bréif vun en Donneschdeg, datt déi rezent Nouvellen hinne Suerge maachen a se froen, sou séier wéi méiglech Detailer ze kréien an och d’Resultater vun den Analysen, déi EDF gemaach huet.

An der Press hat et geheescht, datt d’Schied duerch d’Korrosioun entstane sinn.

Fir d’Konsequenze vun dësen Anomalië kënnen anzeschätzen, wëllen d’Carole Dieschbourg an de Claude Turmes wëssen, ob et sech ëm e Materialfeeler oder ëm e Konzeptiounsfeeler handelt a se froen och, wéi eng Konsequenzen dat op déi aner Reakteren zu Cattenom huet.

Si fuerderen eng dréngend Reunioun vun der lokaler Informatiounskommissioun zu Cattenom.

Greenpeace hat déi Lëtzebuerger an déi däitsch Regierung opgefuerdert, dréngend an der Saach aktiv ze ginn.

RTL-News: Méiglech Rëss um Atomkraaftwierk Cattenom - Greenpeace rifft Lëtzebuerg an Däitschland op, aktiv ze ginn

Offiziellt Schreiwes

Réaction des ministres Dieschbourg et Turmes à la publication d’un article paru sur montelnews.com (14.04.2022)
Communiqué par : ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable / ministère de l’Énergie et de l’Aménagement du territoire

Suite à la publication d´un article paru hier en fin d´après-midi sur le site montelnews.com portant l´intitulé «Des fissures de corrosion sur un 8e réacteur d’EDF», les ministres luxembourgeois Carole Dieschbourg et Claude Turmes ont adressé aujourd’hui une lettre commune au directeur général de l’Autorité de sûreté nucléaire, Olivier Gupta.

Selon la source de montelnews.com, des fissures au niveau des soudures du circuit d’injection de sécurité (RIS) ont été détectées sur le réacteur numéro 3 de Cattenom qui est en arrêt forcé depuis le 26 mars 2022.

La ministre de l’Environnement, du Climate et du Développement durable et le ministre de l’Énergie exigent au plus vite tous les détails et les résultats des analyses effectuées par EDF.

Afin de pouvoir cerner l´impact de ces anomalies, les ministres souhaitent savoir s’il s´agit d´un défaut de matériel ou d’un défaut de conception et quelles sont les conséquences qui en découlent sur les autres réacteurs du site de Cattenom.

Étant donné les conséquences pour la population locale, Carole Dieschbourg et Claude Turmes insistent sur une réunion urgente de la Commission locale d’information (CLI) de Cattenom afin d´informer les membres de la CLI sur les détails du problème et des mesures que l´exploitant compte prendre.

Back to Top
CIM LOGO