Chamber mécht Wee fräiCarole Dieschbourg ka viru Geriicht gehéiert ginn

Monica Camposeo
Déi fréier gréng Ministesch kann elo am Kader vun der sougenannter Gaardenhaischen-Affär aussoen. D'Resolutioun gouf mat 59 Jo-Stëmmen ugeholl.
© Archiv

Déi fréier Ëmweltministesch Carole Dieschbourg kritt d’Autorisatioun - Zitat - “all méiglech Mesure kënnen ze huelen, fir d’Wourecht ervirzebréngen. Dat am Kader vun der Enquête Préliminaire vun der sougenannter Gaardenhaischen-Affär”. Dat huet de Chamberpresident Fernand Etgen en Dënschdeg de Mëtten no enger net ëffentlecher Sëtzung verkënnegt.

Déi entspriechend Resolutioun ass eestëmmeg mat 59 Jo-Stëmmen ugeholl ginn.

Domadder kann déi fréier gréng Ministesch viru Geriicht gehéiert ginn, doriwwer eraus ass eng Perquisitioun bei hir doheem och méiglech, esou wéi eng Expertise-Mesure, déi hir perséinlech Participatioun brauch oder nach eng Instruction Préparatoire.

D’Resolutioun gëtt nach um Dënschdeg un d’Procureure Générale d’Etat weidergeleet.

Back to Top
CIM LOGO