E Mëttwoch de Muere ginn déi grouss Linne presentéiert a wéi eng Richtung sech d'Arméi bis 2025 soll entwéckelen. Eng Richtung, déi deene Lénken guer net gefält, wéi d'Carole Thoma vun déi Lénk, e Mëttwoch am RTL-Interview erkläert huet. Notamment wat Héicht vum Militärbudget ugeet, deen op 0,85% vum PIB soll klammen an dann eng éischte Kéier méi héich wier, wéi d'Depense fir Entwécklungshëllef. Dës Suen kéint ee besser zu Lëtzebuerg investéieren. Dës Suen kéint ee besser zu Lëtzebuerg investéieren.
Dossieren, déi Déi Lenk an de leschte Méint markéiert hunn, an dat och weiderhi wäerte maachen, sinn an der Haaptsaach, Logement, Mindestloun, Working poor a Fräihandel.
Bei den Kommunal- a bei de Chamberwahlen hoffen Déi Lenk op Stëmme vu Wieler, déi vun der LSAP an deene Gréngen enttäuscht sinn.
Vun den lénksextremer Gewalt am Kader vum G20 zu Hamburg distanzéiere sech Déi Lénk. Ma, et wier awer schued, datt bei der ganzer Polemik vergiess gëtt, datt dausende Leit friddlech manifestéiert hunn a firwat si demonstréiert hunn.
D'Invitée vun der Redaktioun e Mëttwoch um 10 op 8 war d'Carole Thoma vun Déi Lénk.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.